Tropen-Update: Hurrikan LEE kéint ee vun de stäerkste Stierm vun der Saison ginn

Den Hurrikan LEE war virgëschter nach e Koup aus Schaueren an Donnerwieder matten iwwert dem Atlantik. An Tëschenzäit ass et en Hurrikan, deen sech immens séier intensivéiert an a Richtung Bahamas zitt.

Advertisement

Advertisement

Hurrikan LEE geschwënn Kategorie 4 Hurrikan

Wéi de National Hurricane Center matdeelt, wäert sech de LEE an de nächste Stonnen an Deeg immens séier verstäerken – kee Wonner duerch déi immens héich Waassertemperaturen. De Moment läit de Stuerm e puer honnert Kilometer ëstlech vun der Martinique wäert de momentane Berechnunge no e Samsde nëmme knapp nërdlech vun Anguilla laanschtzéien.


De viraussiichtleche Lafwee vum LEE | Grafik: National Hurricane Center

Wat awer nach net kloer ass, ass wéi vill de Stuerm nach vum eigentlech projezéierte Parcours ofwäiche wäert, wéi dat bei Tropestierm esou typesch ass. Stand aktuell soll de Stuerm en Dënschden nërdlech vu San Juan leien – d’Léisunge ginn awer vu wäit nërdlech bis hin zu nëmme knapp nërdlech.


Den aktuelle Loop vum Satellittebild vum LEE | Animatioun: tropicaltidbits.com

Am weidere Verlaf muss gekuckt ginn, a wéifern de Stuerm mat aneren Tropestierm interagéiert. Vum Dënschden u kéint nämlech e weideren Hurrikan an d’Spill kommen, deen de Lafwee vum LEE ka beaflossen.


D’Modell-Aschätzungen zur zukünfteger Intensitéit vum LEE | Grafik: tropicaltidbits.com

De Moment ass de LEE en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala, dat mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun ëm 130 km/h. Geet et dem europäesche Modell no, da kéint de Stuerm e Méinde mat enger Moyenne vu méi wéi 200 km/h blosen, an de Spëtzte ginn 300 km/h berechent. Ville Modeller no soll de LEE en Hurrikan vun der 4ter Kategorie ginn, deemno wéi esouguer Kategorie 5.