Kuerziwwerbléck iwwer d’Donnerwiederwarscheinlechkeet

De Weekend iwwer hu mir erëm zäitweis Momenter, wou et fir en Donnerwieder duergoe kann.

Kuerziwwerbléck

Samsdenowend

Haut um Samsde läit eng Kalfront iwwer Frankräich, déi eis am Laf vum Owend aus Westen ëmmer méi no kënnt. De graff opgeléiste Modeller GFS an ECMWF no soll sech de Gros vum Nidderschlag schonn kuerz viru Lëtzebuerg opléisen – aner méi héichopléisend Modeller gesinn awer d’Méiglechkeet, dass do awer nach eppes bei eis an d’Land komme kann, dorënner eben och Donnerwieder. Sollten et dës Donnerwieder bis op Lëtzebuerg packen, da wier en Zäitraum vun tëscht 19 an 22 Auer an de Fokus ze huele, wou se ukomme kënnen. Eng geféierlech Situatioun steet net un, trotzdeem kéint dobäi punktuell mol Staarkreen an e spierbare Wand vu bis ëm 75 km/h an de Spëtzte net ausgeschloss ginn.


Grafik: modellzentrale.de

Sonndenowend

Fir de Sonndenowend gesinn och déi méi graff opgeléist Modeller d’Possibilitéit fir deels méi kräfteg Nidderschléi, Donnerwieder inklusiv. Schonn am Nomëtte wieren eenzel Schauere net ausgeschloss, ier et vum Owend un aus Frankräich hier zouhuelend zu Nidderschléi komme soll. Dobäi steet besonnesch Staarkreen am Fokus, dee méiglecherweis och mol méi laang unhale kann. Lëtzebuerg sollt dem aktuelle Stand no awer net voll erwëscht ginn: besonnesch fir de Nordoste vu Frankräich, Saarland & Baden Württemberg gëtt e gréissere System berechent, an dem et zu däitlech méi markante Phänomener wéi Knëppelsteng, méiglech Stuermstéiss an zolitte Staarkreen komme soll. Zäitpunkt: vun 21 Auer un.


Grafik: modellzentrale.de

Fazit

Fir Lëtzebuerg zeechent sech keng Onwiederlag of. Well d’Modeller de Moment awer zäitweis am gréissere Stil hin an hier pendlen, soll een dat Ganzt awer trotzdeem mol am Aen halen. Wann eis haut um Samsdenowend eppes trëfft, dann ass et tendenziell schonn an dem Stadium, wou et vun der Intensitéit hier ofhëlt. Um Sonndenowend soll dat Markantst vu Nordfrankräich hier iwwer BaWü & d’Saarland zéien.