Liveticker: Nowcast zu der Donnerwiederlag iwwer Frankräich & BeNeLux

Aus Frankräich kommen Donnerwieder erop a Richtung BeNeLux gezunn. A wéifern Lëtzebuerg dovu wäert betraff sinn, fanne mir den Owend zesummen an dësem Liveticker eraus. Des Säit aktualiséiert sech all 2 Minutten automatesch.

06.09.2022 – 23:28

+++ Neientwécklungen iwwert dem Land +++

Dat méi kräftegt Segment zitt an dëse Minutten immens knapp laanscht déi äusserst B/L Grenz am wäite Nordweste vum Land. Iwwerdeems ginn et elo iwwert dem Land verdeelt Neientwécklungen, duerch déi et zu neiem Blëtz an Donner kënnt.

Punktuell ass Staarkreen méiglech, och e spierbare Wand ass nach dran. Eppes wierklech markantes sollt awer lo just nach d’Ausnam duerstellen.

Radar: RadarScope

06.09.2022 – 22:50

+++ Aktuell: Äusserste Nordweste kéint nach esou just gesträift ginn +++

Um héichopgeléiste Radar gesäit een d’Donnerwieder, wéi et vu Frankräich hier an d’Belsch eranzitt. Radardonnéeë no hänkt och erëm eng Böenfront un dësem Donnerwieder drun, wouduerch et an dësem Beräich zu stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss komme kann.

All dëst soll awer esou ganz knapp westlech un eis laanschtgoen, deemno wéi kéint den äusserste Nordweste vum Land och esou just geträift ginn. E Volltreffer ass also, Stand aktuell, net ze erwaarden.
Dat eenzegt, wat dat nach ännere kéint, wiere Neientwécklungen direkt südwestlech vu Lëtzebuerg.

Radar: RadarScope

06.09.2022 – 22:28

+++ Aktuell: Zwee Donnerwieder trenne sech +++

Wéii am leschte Post ugeschwat, ass d’Donnerwieder, wat virdrunner bei Saint-Dizier louch, zimmlech wäit a Richtung Osten ausgeschert. Dem aktuelle Stand no zitt et riicht op d’Saarland duer a géif eis domat verschounen.

De Rescht vum System zitt wuel och mam stäerksten Deel ganz knapp un eis laanscht. Sollt et esou viru goen, a sech net nach eppes neies forméieren, da kriite mir wuel sécher e bësse Reen of – mee näischt méi, wat wierklech nennenswäert oder warnrelevant ass. Et ass e richtegt Schlupflach, wann een esou wëll.

Radar: meteociel.fr

06.09.2022 – 21:15

+++ Aktuell: Donnerwiedersystem kënnt méi no +++

Den Donnerwiedersystem läit elo op enger Sträif vu Saint-Quentin bis erof op Saint-Dizier an zitt weiderhin a Richtung Nordosten. De stäerksten Deel vun der Front läit bei Saint-Dizier a schert de Moment e bëssen ëstlech aus, soudass dësen Deel elo entweder op d’Muselgéigend duerzitt oder esou just an d’Saarland.

Reen kréie mir egal wéi, punktuell duerch d’Donnerwieder ebe kräfteg. De Risk vu Knëppelsteng (2-3 cm am Duerchmiesser), wéi mir se am Norde vum Land schonn haten an och stiermesche Wandstéiss bleift erhalen.

Radar: meteociel.fr

06.09.2022 – 20:50

Vun Housen koum elo just dëse Video eran. Merci fir d’Eraschécken, Conny Schon.

06.09.2022 – 20:46

+++ Dauergeflacker an zolitte Reen am Norden +++

Virun allem iwwert de nordëstlechen Deeler vum Land dimmert et zanter gutt enger hallef Stonn anstänneg – Haaptmierkmol: Staarkreen a laut Radar och punktuell Knëppelsteng. De stäerksten Deel läit de Moment iwwert der Houschter-Déckt, Pëtschent, Stolzebuerg.

Déi nërdlech Zell dovun ass elo just an Däitschland eriwwergezunn a läit bei Daleiden.

D’Blëtzaktivitéit ass héich, et gesäit een se quasi am Sekonnentakt.

Radar: RadarScope

06.09.2022 – 20:10

+++ System zitt an de Norde vu Frankräich eran +++
Den Donnerwiedersystem läit de Moment ëstlech vu Paräis, am Beräich Meaux, Avon, Nemours, Sens, Troyes, Romilly-sur-Seine a Saint-Dizier. Et zitt a Richtung Nord-Nordost bis Ost a wäert Lëtzebuerg – falls et déi momentan Form bäibehale sollt, mam ëstlechen Deel erwëschen.

Fir de Rescht hu mir schonn eng Partie Zellen bei eis heiheem. Am Raum Buerschent, Ettelbréck a nërdlech vu Béiwen un der Attert schëtt et wéi mat eemeren, punktuell si kuerzzäiteg a kleng Iwwerschwemmunge net ausgeschloss. D’Zell zitt a RIchtung Norden an ass geschwënn op der Houschter Déckt wéi och am Raum Wëlwerwolz ukomm.

Radar: meteociel.fr

06.09.2022 – 19:52

De Ronny Stoffel schéckt dës beandrockend Foto vun Ospern eran. Um Fouss vun esou Wollekebréch kann et zu stiermesche Wandstéiss kommen.
D’Donnerwieder läit elo am Raum Iewerléng, Biissen a Schous an zitt a Richtung Norden bis Nordost. Geschwënn ass also Ettelbréck betraff.

06.09.2022 – 18:57

+++ Aktuelle Stand: Gebitt forméiert sech, éischt Schaueren +++

Iwwer Lëtzebuerg sinn schonn eenzel schwaach Schaueren ënnerwee, wéi beispillsweis bei Wolz, westlech vu Réiden an am Raum Stengefort. Eenzel Blëtzentluedunge si net onméiglech, mee nach sollt sech dës Aktivitéit a Grenzen halen.

Blécke mir erëm a Richtung zentralt Frankräich, da gesi mir, dass sech esou lues eppes deet. Et forméiert sech e System, deen sech wuel als gréissert Reegebitt wäert bemierkbar maachen. An dëst agelagert sinn dann Donnerwieder, déi punktuell méi kräfteg ausfale kënnen. Eent esoueen Donnerwieder fanne mir grad beispillsweis ëstlech vun Orléans.

Dat ganzt Gebild zitt an eng nordëstlech Richtung, an de nächste Stonne si weider Entwécklungen ze erwaarden. Et wäert wuel zimmlech sécher eppes ukommen, d’Fro ass ebe just mat wéi enger Intensitéit. Dat fanne mir den Owend zesummen eraus.

Radar: meteociel.fr

06.09.2022 – 17:34

+++ Um Satellittebild zeechent sech eng Risikozon of +++

Am giel markéierte Beräich fänkt et un ëmmer méi ze brodelen. Déi éischt Donnerwiederzonen leie schonn iwwert dem westlechen Däitschland an och iwwert dem zentrale Frankräich. Déi iwwert dem zentrale Frankräich musse mir genee am Aen halen.

D’Donnerwieder, déi sech de Moment iwwert dem zentrale Frankräich ophalen an och déi, déi sech nach entwéckelen wäerten, zéien a Richtung Nordosten – also op eis Groussregioun duer. Et gi Wiedermodeller, déi e gréisseren Donnerwiedersystem fir de spéideren Owend simuléieren, deen iergendwou an eiser Groussregioun soll ukommen. A wéifern Lëtzebuerg getraff gëtt, kann ee leider schlecht ofschätzen… well Dir wësst, dass bei esou Evenementer nach laang net jiddereen d’selwecht staark getraff gëtt.

Dohier: am markéierte Gebitt ass bis an d’Nuecht eran mat méissege bis deels méi staarken Donnerwieder ze rechnen. PUNKTUELL kënnen awer och méi zolitt Segmenter entstoen, an deenen et zu Staarkreen mat Iwwerschwemmungsgefor, stiermeschem Wand bis hin zu schwéiere Stuermstéiss an och mol Knëppelsteng komme kann. Wou dës Schwéierpunkten optriede wäerten, léisst sech awer net soen.
Reegelméisseg Updates wäerten wéi gewinnt d’Kloerheet iwwer dat Ganzt bréngen.

Satellittebild: Deutscher Wetterdienst / EUMETSAT