Lok. >200 l/m² Reen: Risk vu markanten Iwwerschwemmungen a Portugal, Spuenien, Frankräich & Italien

Eréischt am Ufank vum Mount koum et iwwer Deeler vu Südeuropa zu massiven Iwwerschwemmungen, a Frankräich hate se leider och déidlech Suitten. Elo gesinn d’Modeller erëm zolidd Reenzommen.

Advertisement

Wat féiert zu dëse grousse Reenzommen?

An dëser Woch dominéieren Déifdrockgebitter iwwert dem Mëttelmierraum. Virun allem do, wou d’Nidderschléi widder Bierger oder Erhiewunge gedréckt ginn, ass bis de Sonnden inclus mat markante bis zolitte Reequantitéiten ze rechnen. An den Alpen vum Dräilännereck Frankräich, Schwäiz an Italien kann erëm e signifikanten Deel als Schnéi falen.

D’Entwécklungen bis en Dënschden inclus

An dësem Artikel gi mir dat Ganzt e bësse chronologesch duerch. Fir d’éischt wäert emol erëm de Massif Central betraff sinn, wou d’Nidderschléi widdert d’Hiwwelen gedréckt ginn. Esou kënnt et dem europäesche Modell no bis den Dënschdenowend mat tëscht Toulouse a Lyon zu punktuellen 50 bis 75 l/m² Reen.


D’Berechnungen vum ARPEGE-Modell bis muer den Owend inclus | Grafik: wxcharts.com

Méi héichopléisend Modeller, wéi beispillsweis den däitschen ICON-EU, gesinn tëscht 60 an 115 l/m² als Maximum erofkommen. De franséischen ARPEGE-Modell ënnerstëtzt dës Theorie an ass mat tëscht 70 an 120 l/m² dobäi. Et besteet also definitiv de Risk vu markanten Iwwerschwemmungen, inkl. Äerdrëtsch a Bullislawinnen.

Mëttwoch bis de Sonnden

Duerno kommen och déi aner Géigende lues a lues an de Fokus, mir fänke mat Portugal a Spuenien un.

Den europäesche Modell rechent a Portugal verbreet mat tëscht 60 an 100 l/m², ronderëm Porto a Braga kéinten et esouguer 130 l/m² ginn. Den amerikanesche Modell leet nach eng Schëpp drop a gesäit fir Braga an och déi direkt Grenz zu Spuenien am Raum Vigo gutt 200 l/m². Den däitschen ICON-EU gesäit grad emol bis e Freiden inclus, gesäit awer bis dohi schonn flächeg tëscht 60 an 100 l/m² fir Portugal.


D’Berechnungen vum GFS-Modell bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

A Spuenien ass engersäits de Südrand vun de Pyrenäen betraff, anerersäits awer och Deeler vum Zentrum esouwéi och dem Südwesten vum Land. An de Bierger am Norden sollen dem europäesche Modell no bis e Sonnden bis zu 130 l/m² falen,m am Süden wier de Maximum net wäit ewech vun Toledo ze erwaarden. Berechent gi bal 200 l/m². Den amerikanesche Modell mécht 150 l/m² fir d’Bierger am Norden an eng 160 l/m² fir de Raum südlech vu Sevilla. En zweete Maximum wier am Parque Regional de la Sierra de Gredos, westlech vu Madrid ze erwaarden – dat mat knapp iwwer 200 l/m².


D’Berechnungen vum GFS-Modell bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Am Dräiännereck vun der Schwäiz, Italien an och Frankräich ginn dem europäesche Modell no ëm 150 l/m² erwaart, den amerikanesche Modell ass mat 240 l/m² nach eng Nummer méi hefteg ënnerwee. E gudden Deel sollt awer als Schnéi erofkommen.