Markant Westwiederlag: De Risk vu stiermeschen Ofschnëtter geet an d’Luucht

Iwwert dem Atlantik ass esou zimmlech eng lass! Een Déifdrockgebitt nom anere peitscht un déi europäesch Küsten a bréngt net nëmme Reen, mee och markante bis stiermesche Wand mat sech.

Advertisement

Iwwer Westeuropa ass et stiermesch

Nach gëschter huet de brittesche Wiederdéngscht, MetOffice, de Stuerm BABET benannt. Dëse Stuerm läit de Moment nordwestlech vu Spuenien a Portugal a suergt do ënne net nëmme fir stiermesche Wand bis hin zu Stuermstéiss, mee och fir uerdentleche Reen – Iwwerschwemmunge si méiglech. Dëse Risk hate mir schonn de vergaangene Freiden ugeschwat.

De Stuerm zitt elo weider a Richtung brittesch Inselen a schrammt dobäi ganz knapp iwwert déi äusserst Westküsten vu Frankräich. Muer den Owend erreecht de Kär vum BABET de westlechen Deel vun de britteschen Inselen. Ass dat geschitt, peitscht schonn déi nächst Front mat Stuerm un déi portugisesch & spuenesch Küsten, fir dann um fréien Donneschdemoien erëm am Weste vu Frankräich unzekommen. Et handelt sech heibäi also net ëmt eenzel Stuermdéifer, mee ëm kleng Déifdrockgebitter déi e gréisseren Zentrum emkreesen – et ass also e ganzen Déifdrocksystem, deen de Moment mol nach iwwert de westlechen Deeler vum Kontinent läit a sech an de nächsten Deeg no a no méi wäit a Richtung Osten beweegt.

Wat bedeit dat elo fir Lëtzebuerg?

De Stuerm BABET an och dat anert Stuermfeld spiere mir esou gutt wéi guer net zu Lëtzebuerg, an awer gëtt de Wand duerch d’Verlageren vun dësem System a Richtung Osten definitiv méi spierbar. Als Beispill kënne mir d’Nuecht op de Samsden huelen, wou dem europäesche Modell no e klengt Randdéif knapp nërdlech un eis soll laanschtzéien, wat eis kuerzzäiteg e stramme bis souguer stiermesche Wand kéint bréngen. Dëst Déif ass awer iwweregens och un déi ëmmer nach immens kniffleg 50/50 Situatioun mat der Schnéi-Prognos gebonnen. Zu dëser Thematik gëtt et muer en ausféierlechen Update.


D’Vitesse vun de Wandstéiss bis den 1. November (natierlech no enger Zäit spekulativ). De Risk vun där enger oder anerer méi stiermescher Phas besteet | Animatioun: wxcharts.com

E weidere méi leftege bis stiermeschen Ofschnëtt kéint eis en Dënschden duerch eng Kalfront erwaarden, un där Stuermstéiss bis ëm 80 km/h net ausgeschloss wieren. Weider Indicen op nach méi kräfteg Vitessen ginn et de Moment och fir de Mëttwoch an enger Woch.

De Fazit

Et gëtt de Moment nach keng konkret Gefor fir Lëtzebuerg, mee d’Potenzial fir stiermesch Wiederlagen, eventuell esouguer mat engem richtege Stuermdéif, ginn an d’Luucht. Stuermlagen kënne sech zu dëser Joreszäit, a virun allem bei esou enger Grousswiederlag, och séier aus dem Näischt forméieren an op eemol an de Modellkaarten opdauchen. Dëst ass also just als en Hiweis opzefaassen, dass ee sech net brauch ze wonnere, falls mir demnächst och vum éischten Hierschtstuerm fir Mëtteleuropa schwätzen.