Méi wéi 100 l/m² Reen op Sizilien: Leit mat Rettungshelikopter a Sécherheet bruecht

D'Serie vun de kräftegen Onwieder am Mëttelmieraum geet virun: dës Kéier waren erëm virun allem Géigenden am Süde vun Italie betraff.

Méi wéi 100 l/m² Reen an e puer Stonnen

Deeler vu Süditalien hunn ëmmer nach mat deels zolitten Onwieder a Form vu Staarkreen/Dauerreen ze kämpfen, déi zu Héichwaasser an Iwwerschwemmunge féieren. Besonnesch am Weste vu Sizilien waren am Donneschdenomëtten Rettungsbooter- an och Helikopter am Asaz.

Stroosse ware net méi ze befueren, se hate sech spontan zu gréissere Flëss verwandelt. Autoe goufe matgerappt, Gebaier stungen ënner Waasser. D’Leit waren deels gezwongen, op d’Diecher vun hiren Haiser ze klammen, fir net matgerappt ze ginn. Op der Autobunn tëscht Palermo a Mazara stung d’Waasser an de Matsch gutt 30 Zentimeter héich, et ass näischt méi gaangen. D’Pompjeeë waren op 40 Asätz geruff ginn, dobäi goufen 30 Leit a Sécherheet bruecht – dorënner och zwee Bëbeeën an e 5 Joer alt Meedchen. Wat den Agrarberäich ugeet, wier de Medieberichter no Schued am Milliouneberäich opgetrueden.

Och am Raum Lecce, am Südoste vun Italien, waren d’Pompjeeën eng 120 Mol ausgeréckt.

Staark getraff huet et och d’Provënz vun Trapani – d’Géigend ass an Zäit vun zwou Woche vun dräi Onwieder getraff ginn. Och hei goufen iwwerschwemmt Haiser a Geschäfter gemellt. Duerch d’Waasser ware verschidde Schüler dozou gezwongen, an der Schoul ze bleiwen.

Zu Salina Grande sinn eng dose Leit per Helikopter a Sécherheet bruecht ginn.

Wéi geet et virun?

D’Situatioun iwwer Süditalien & Sizilie berouegt sech iwwert de Weekend – de Gros vum Nidderschlag konzentréiert sech op Deeler vu Griicheland an och der Tierkei. Fir e Beispill ze nennen: ronderëm Patra rechnen d’Modeller bis muer de Moie fréi erëm punktuell mat 100 l/m² Reen.