Mëttelmierraum: Iwwerschwemmungen & Doudeger no 400 l/m² Reen, weider Onwieder erwaart

No onvirstellbare Reequantitéiten an der Regioun Marken an Italien sinn op mannst 10 Persounen ëm d'Liewe komm, Vermësster ginn och gemellt. Et sti weider Onwieder un, och a Richtung Albanien.

Titelbild: Bernd Mädpa

Doudeger a Vermesster

De Francesco Acquaroli, President vun der Regioun Marken an Italien, schwätzt vun enger “ganz eeschter meteorologescher Kris”. Un der Adria-Küst sinn duerch extrem Iwwerschwemmungen a reegelrecht Stuerzfluten op mannst 10 Persounen ëm d’Liewe komm, eng ganz Rei ginn der vermësst. Besonnesch d’Provënz Ancona ass betraff.

Den Donneschdemëtte waren d’Awunner dozou opgeruff ginn, sech op méi héich Plazen ze beginn. Zu Cantiano sinn an Zäit vun e bësse méi wéi 7 Stonnen 418 l/m² Reen vum Himmel komm, zu Serra Sant”Abbondio waren et 361 l/m². D’Stroumversuergung ass zimmlech instabil an och d’Telefonsnetz gestéiert. Kleng Baachen hu sech zu räissende Flëss verwandelt, op ville Plaze fält d’Schoul aus. Ganz Gebaier an Autoe goufen an de Flute matgerappt.

Weider Onwieder erwaart, erëm 400 l/m² Reen un der Grenz Montenegro-Albanien méiglech

Italie kënnt och an de nächste Stonnen an Deeg net zur Rou: besonnesch a Richtung Süd-Kamparien an och Kalabrien ginn sech bis an de spéide Samsdenowend eran punktuell méi wéi 100 l/m² Reen erwaart.


D’Gefor ass nach laang net eriwwer | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Och aner Géigenden um Mëttelmier si betraff: fir de Süde vu Montenegro esouwéi och den äusserste Norden a Nordoste vun Albanien rechnen d’Wiedermodeller bis an de fréie Sonndemoien era mat 400 l/m² (!) Reen. Et ass also och do erëm mat schroen Zeenen ze rechnen.

Och am Süde vu Slowenien a laanscht déi bal déi ganz Küst vu Kroatien ass bis de Sonndemoie fréi punktuell mat ëm 200 l/m² Reen ze rechnen, deemno wéi esouguer e Stéck méi.

Net ganz onerwaart

D’Onwieder am Mëttelmierraum komme net ganz onerwaart. De Summer iwwer huet sech d’Waasser duerch déi immens héich Temperaturen staark opgewiermt. Déi kill Loftmassen, déi amgaange sinn iwwert der Regioun anzestréimen, suerge fir eng explosiv Mëschung: et forméiere sech zolitt Reegebitter, déi uerg Konsequenze mat sech bréngen resp. schonn bruecht hunn. Schonn am Summer huet een duerch déi erfëllt Konditiounen en onrouegen Hierscht fir de Mëttelmierraum gefaart.