Mir kraze geschwënn un den 20°C! Wiermt bleift nach bis en Donneschde mat

Bis en Donneschde baut sech nach e “Wiermtbockel” iwwert eis op, duerch deen mir lokal esouguer un den 20°C kéinte krazen. Wou a wéini, hei am Artikel.

Advertisement

Geet et duer fir déi éischt 20°C?

Duerch e weidere Wiermtvirstouss erwaarden eis deemnächst déi bis ewell wäermst Deeg vun dësem Joer. Grond dofir ass héije Loftdrock iwwer Deeler vun Europa, iwwerdeems kuerzzäiteg en Déif iwwer Südwesteuropa läit. Och wann et just fir déi kuerz Zäit ass, suergt dat schonn dofir, dass mir zu Lëtzebuerg weiderhi méi héich Temperature wäerte gesinn/spieren. Dass awer geschwënn domat Schluss ass, dat hate mir gëschter an engem Update thematiséiert.

Haut gi Maximalwäerter vun tëscht 14 a 16°C ugesteiert, vu muer u gëtt et awer méi waarm. Héichopléisende Modeller no geet et laanscht de Südoste vum Land fir gutt 18°C duer. Eng weider Zon, an där dat ka virkommen, ass de Raum ronderëm Ettelbréck, Biissen a Schous. Fir de Rescht sinn et meeschtens 15 bis 17°C, déi wäerte gemooss ginn.


Déi mëll Loftmasse bleiwe mol nach bis en Donneschden, duerno Ëmschwong | Animatioun: wxcharts.com

En Donneschde si mir am Südoste vum Land méi verbreet mat tëscht 17 an 18°C ënnerwee. Iergendwou tëscht Bissen, Schous a Schëndles kann och eng 19°C oder eppes liicht driwwer net ausgeschloss ginn – an domat géife mir déi éischt Kéier fir dëst Joer un den 20°C krazen.

An den Deeg drop erliewe mir e markanten Temperaturréckgang. Virdrun hate mir zwar schonn op den Update vu gëschter verwisen, mee deemnächst kënnt e frëschen dozou.