Modellgeflüster: Sonndenowend/Méinde markante Stuerm/Orkan net onméiglech

Dësen Artikel déngt just als Hiweis a soll weise, wat déi momentan Modeller fir Enn der Woch/Ufanks nächster Woch berechnen. Och wa sech nach sou munches ännere kann, sinn d’Chancen fir en op mannst stiermësche Wand erhéicht.

Virdéischt mol nach Héichdrocklag

Ier de fir dësen Artikel interessanten Zäitraum méi no kënnt, hu mir et virdéischt mol vum Mëttwoch bis de Freide mat enger stabiler Héichdrockwiederlag ze dinn. Et gëtt an där Zäit also rem e gutt Stéck méi roueg. D’Temperaturen hale sech dagsiwwer tëscht 4 a 9 Grad op, an de Nuechte geet et haaptsächlech an den Däller mol bis op -5 Grad erof. Glat Stroosse sinn en Thema. Wärend dëser Period si sou gutt wéi keng Nidderschléi ze erwaarden, ausser héchstens mol Fisemreen falls sech de Niwwel net opgeléist kriit.

Um Samsde kippt et scho lues a lues

Um Samsde verlagert sech d’Héichdrockgebitt ëmmer méi wäit a Richtung Osteuropa, d’Wiederlag kippt. Et stellt sech rem eng Westwiederlag an, déi fir markant Entwécklunge suerge kéint. De gängegste Wiedermodeller GFS an ECMWF no besteet um Sonndenowend/um Méinden d’Wahrscheinlechkeet vun engem Stuerm – a wann et sou kënnt wéi déi héchst Berechnungen et gesi, kann och en Orkan net ausgeschloss ginn. Dëst gëtt schon zanter e puer Deeg konstant esou berechent. Et kann een also drop schléissen, dass d’Wahrscheinlechkeet vu staarkem Wand oder Stuerm op alle Fall an d’Luucht goe wäert an et och tatsächlech stramm blose kann. Just ass ebe nach net gewosst, wéi staark dat Ganzt tatsächlech ausfale wäert. Spéitstens de Weekend selwer wäert sech d’Äntfert dorop lues awer sëcher erauskristalliséieren.

ECMWF, GFS & ICON mat markante Simulatiounen

Huelt déi folgend Zeile nach net all ze eescht: mir schwätzen hei vum Sonnden, a mir si réischt Mëttwoch. An awer géif ech Iech gäre weisen, dass de Modeller no eppes kéint am Bësch sinn. D’Situatioun ass op alle Fall dowäert, am Aen gehal ze ginn.

Ënnert dem Text sinn déi dräi genannt Modeller ofgebild. All Modeller erlaben e Bléck op déi potenziell Lag bis an déi nächst Woch eran, ausser den ICON. De Groussdeel vun der Wiederlag ass fir dëse nach net a Reechwäit, wat sech awer wärend de neie Leef haut am Laf vum Mëttwoch ännere wäert.

Den europäesche Modell ECMWF huet vun alle Modeller déi markantst Léisunge parat. Tëscht dem spéidere Sonndenomëtten an dem spéidere Méindenowend solle Wandspëtzte vun tëscht 90 a knapp 140 km/h optriede kënnen. Den amerikanesche Modell GFS gesäit alles méi entspaant an huet Vitesse vun tëscht 70 a knapp 100 km/h an der Berechnung. Vun deem, wat den däitschen ICON bis elo gesäit, solle VItesse vun tëscht 75 an 100 km/h optrieden, demno wéi awer och bis em 110 km/h.

Déi schlussendlech tatsächlech antreffend Intensitéit ka staark vun de momentane Modellrechnungen ofwäichen. Dës Zeile solle just wiesen, dass demnächst markant Entwécklunge net onméiglech sinn. Ganz vun de genannten Zuelen ofgesinn, sollt et mat enger gréisserer Wahrscheinlechkeet fir en op mannst stiermesche Wand kënnen duergoen.

ECMWF (wxcharts.com)

GFS (wxcharts.com)

ICON (wxcharts.com)