Nächst Stonnen: Leftege bis zäitweis liicht stiermesche Samsden ze erwaarden

Och muer läit ëmmer nach e Stuermdéif iwwert de britteschen Inselen. Iwwert d’Nuecht forméiert sech e Randdéif, wat iwwert den Ärmelkanal a Richtung Dänemark zitt. Doduerch wäert et muer um Samsden zäitweis nawell kräfteg blosen.

Advertisement

Zäitweis stiermesch Wandstéiss méiglech

Mir geroden also ënnert den Afloss vun engem Randdéif, wat muer um Samsden iwwert den Ärmelkanal a Richtung Dänemark zitt. Dëst bréngt eis net nëmme Wand, mee och de Reen verschwënnt muer net. Wichteg ass awer ze betounen, dass eis kee richtege Stuerm erwaart. Et sinn eben einfach just spierbar bis zäitweis mol stiermesch Wandstéiss dobäi.


D’Wandvitessen fir muer am Nomëtten laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

An Zuelen bedeit dat, dass virun allem vum Virmëtten un Wandvitessen vun tëscht 50 a 75 km/h ze erwaarde sinn. Op exponéierte Plazen wëlle verschidde Modeller och mol Wäerter vun ëm 80 km/h net ausschléissen, mee dës wäerten éischter d’Ausnam bleiwen. Am Laf vum spéidere Nomëtte gëtt de Wand e klengen Tick manner staark, mee e bleift weiderhi spierbar. Bis Mëtternuecht si mol nach 40 bis 60 km/h méiglech, ier et an der zweeter Nuetshallschent nach e Stéck manner lefteg gëtt.