Nächst Woch: Iwwer 100 l/m² Reen méigleg

Méintelaang huet den amerikanësche Wiedermodell GFS keng soueng grouss Reequantitéite méi simuléiert. Demnächst kéint et richtëg interessant ginn.

Héichwaasser méigleg

Den Atlantik ass net méi blockéiert, waat heecht, dass ab elo ëmmer rem Déifdrockgebitter a Frontesystemer aus westleche Richtungen an eis Géigenden zéie kënnen.

Dëst kréie mir schon iwwert de Weekend ze spieren, wou et déi meecht Zäit wolléckeg wärt sinn. Dobäi reent et ëmmer rem, daat bei Temperaturen déi sech dagsiwwer tësche 5 an 13 Grad ophaale wärten. De Wand bléist frësch bis staark aus Südwesten a packt et op Spëtzte vu 60 km/h. Et ass am Allgemenge mat 12 bis 20 l/m² Reen ze rechnen.

Fir déi nei Woch rechent den amerikanësche Wiedermodell GFS ëmmer rem mat Passagen vun Déifdrockgebitter a Frontesystemer. Dës géifen eis allkéiers e gudde Batz Reen bréngen, daat bei engem meechtens groen Himmel. De Wand schéngt dann och weiderhi frësch ënnerwee ze sinn, daat bei mëllen Temperaturen.

Sollten d’Modellrechnunge recht behaalen, da kéinten an der Groussregioun Reequantitéite vu bis zu 125 l/m² zesummekommen. Dëst wier scho rem e bëssen ze vill des Gudden, soudass de Risk vun Héichwaasser bestoe géif. Ob sech d’Natur ab elo lues a lues vun der Drëchent erhëllt?

Video vum 29. November 2018

Berechnung vum amerikanësche GFS (Stand: 29.11.2018) – wxcharts.eu