Niwwel a Fisemreen suerge fir spigelglat Stroosse bei eise Noperen

Schonn gëschter Owend koumen aus der nërdlecher Belsch, Holland an och Däitschland déi éischt Meldungen iwwer spigelglat Stroossen eran. Bis ewell goufe vill Accidenter gezielt. Wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Aus nërdleche Richtunge méi fiicht

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee generell iwwer Mëtteleuropa ginn d’Deeg vun der dréchener Keelt esou lues awer sécher op en Enn. Duerch eng Mëschung vun héijem Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an déiwem Loftdrock iwwer Deeler vun Dänemark an der Ostséi hu sech gëschter Owend ugefaange méi fiicht Loftmassen a Richtung Süden virunzeschaffen. Dës hunn fir d’éischt am Nordweste vun Däitschland an och Holland fir Fisemreen gesuergt, deen sech dunn am Laf vun de Stonne weider an d’Belsch an och Deeler vun der westlecher Mëtt vun Däitschland virubeweegt huet. Zu dëser Zäit waren d’Biedem awer gefruer, wouduerch d’Nidderschléi sech direkt konnte festfréieren.

Spigelglat Stroosse waren d’Konsequenz. Wéi een an de belschen, hollänneschen an och däitsche Medie ka liesen, huet dat direkt immens vill Accidenter a soss Stéierungen am Verkéier mat sech bruecht. Den Däitsche Wiederdéngscht warnt weiderhi viru glate Stroossen, de Moment virun allem fir Nordrhein Westfalen.

A bei eis heiheem?

Déi méi fiicht Loftmasse sinn och zu Lëtzebuerg ukomm. Anescht wéi an de leschten Deeg hu mir et elo erëm mat méi déckem Niwwel amplaz vu vill Sonn ze dinn. D’Situatioun gëtt zwar net esou markant wéi an eise Nopeschlänner, an awer kann et duerch de Fisemreen vum Niwwel mol zu glate Stroosse kommen. De Moment leien eis Temperaturen tëscht -4 a -1 Grad a klammen de Mëtte net op iwwer -1 bis 1 Grad eraus. A Kombinatioun mam Niwwel/geréngfügegem Nidderschlag ass de Risk vu glate Stroossen also en Tick méi héich wéi an de leschten Deeg, et si Wiederhiweiser aktiv.