Nuecht op de Freiden: Modeller rechnen op e Neits op mannst mat Buedemfrascht

D'Duerchschnëttstemperatur ass um falen - kee Wonner also, dass de Frascht demnächst tendenziell méi heefeg gëtt.

Nuecht op de Freide gëtt eng kill

Bis ewell hu mir schonn e puer där méi kill Moienter fir dës Saison hannert eis. Elo gesinn d’Modeller déi nächst méi kill Nuecht op eis duerkommen – et ass op mannst mat Buedemfrascht ze rechnen, deemno wéi kann et awer och erëm fir Loftfrascht duergoen.

Fir de Freiden dagsiwwer ass nach mat Maximaltemperature vun tëscht 15 a 19 Grad ze rechnen. Mir leien ëmmer nach ënner Héichdrockafloss: dagsiwwer schéngt d’Sonn, et erwiermt sech bal ongehënnert. An der Nuecht kann et dann zimmlech gutt ofkillen, wat eben typesch fir Wiederlage mat héijem Loftdrock ass. De momentane Berechnunge no hu mir et wuel groussflächeg mat tëscht 4 an 8 Grad ze dinn, am Norde kann et awer punktuell och mol op 2 bis 0 Grad zréckgoen. Op Buedemhéicht si Wäerter bis ëm -3 Grad net ausgeschloss.

Net wonneren also, wann de Freidemoien an dem engen oder aneren Eck am Land fir d’éischt d’Autosscheiwe fräigekrazt musse ginn, ier et erausgeet.