Ongemittlech Nuecht: Vill Reen dréckt Héichwaasser-Risk erëm an d’Luucht

An der kommender Nuecht steet eis op e Neits eng markant Wiederlag an d’Haus. De Risk vun Héichwaasser klëmmt.

Aleedung

Am fréie Nomëtte kommen déi éischt vereenzelt Nidderschléi aus Westen opgezunn – dës falen op de Koppen op tëscht 400 a 500 Meter meeschtens als Schnéi, drënner ass et Schnéireen a Reen. Duerno, vum spéidere Nomëtte resp. fréien Owend un, erreecht eis aus Weste lues awer sécher déi ugeschwat Waarmfront. Un dëser Waarmfront wäerte net nëmmen eis Temperaturen, a soumat och d’Schnéifallgrenz lues a lues klammen, mee och de Risiko vun Héichwaasser. D’Front huet nämlech e ganze Batz Nidderschléi am Rucksak, deen op villes en Afloss wäert hunn.

E puer Wuert zum Schnéi

Dat meescht vum Nidderschlag, deen duerch d’Waarmfront opkënnt, wäert als Reen oder héchstens als Schnéireen erofkommen. Iwwer 400 bis 500 Meter sinn d’Chancen op Schnéifall nach bis an de weidere Verlaf vum Owend eran am héchsten, soudass do nach e puer Zentimeter Schnéi zesummekomme kënnen, ier wärend dem Iwwergang zu der Nuecht och hei d’Schnéifallgrenz ëmmer méi héich klëmmt. Schlussendlech gëtt et an der Nuecht, viraussiichtlech an der zweeter Nuetshallschent e Moment, wou och op den héchste Plazen d’Temperaturen ze héich fir Schnéifall leien. De Schnéi deen do uewe läit gëtt also vun engem gewëssen Zäitpunkt un zu engem Deel ewechgespullt, resp. e fänkt un ze schmëlzen. Tëscht 4 a 6 Auer um Sonndemoie fréi sollt sech de Reen ufänken ze berouegen.

Ier dëse Schmëlzprozess stattfënnt, ass et tatsächlech net onméiglech, dass nach eng Kéier tëscht 3 an 7 cm Neischnéi erofkommen – d’Iwwerliewensdauer vun dësem wier awer definitiv begrenzt.


Esou zitt d’Waarmfront iwwert eis ewech | Animatioun: wxcharts.com

Vill Reen + Schmëlzwaasser

D’Wiedermodeller rechne bis de Sonndemëtte mat akkumuléierte Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 10 an 20 l/m², lokal och mol bis zu 25 l/m². Mat dobäi kënnt: d’Biedem sinn duerch de ville Nidderschlag aus de leschten Deeg souwisou schonn gesiedegt. Plus: d’Flëss hunn, no hirem leschten Héichwaasser-Peak, ëmmer nach net grad hire Normalstand erreecht. Wann een elo bedenkt, dass de Reen zousätzlech en Deel vum schonn gefalene Schnéi schmëlzen doe wäert, kann a wäert dëst erëm fir en Usteige vun de Peegele suergen – de Risk vun Héichwaasser klëmmt.

Dat ganzt gëtt vun engem stramme Wand begleet, hei fannt Dir méi dozou.