Philippinen: Tropestuerm NALGAE trëfft de Weekend als Taifun u Land

Iwwerdeems iwwert dem Atlantik de Moment keng Tropestierm aktiv sinn, zitt erëm eppes op d'Philippinen duer. De Stuerm NALGAE trëfft de Weekend ënner Verstäerkung u Land, e soll zu engem Taifun ginn.

Haaptsächlech Manila am Viséier

De Moment läit de Stuerm mat sengem Kär nach e gutt Stéck virun de philippineschen Inselen. D’Depressioun, déi sech de 24. Oktober forméiert hat, verstäerkt sech an de nächste Stonne weider. Et ass zwar net ze erwaarden, dass aus dem NALGAE en immens staarke Stuerm gëtt (vum Wand hier), d’Stäerkt vun engem Taifun (an dësem Fall den Equivalent zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala) ass awer ze erwaarden.


De weidere Parcrous vum NALGAE | Grafik: zoom.earth

Den éischte méi intime Moment mat der Landfläch kritt de Stuerm an der Nuecht op de Samsden: de Kär vum Tropestuerm zitt nëmme knapp nërdlech un de Géigende Caramoan, Garchitorena, Siruma, Daet, Labo a Capalonga laanscht. Och wann de Kär laanschtzitt, sinn trotzdem Auswierkungen ze spieren. Dozou zielt net nëmmen de Wand, mee och massive Reen.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Nodeems de Stuerm knapp u philippineschem Land laanschtgezunn ass, soll dem aktuelle Stand no de Samsdenomëtten de Landfall knapp nërdlech vu Burdeos geschéien, dat als Taifun (Equiv. Hurr. Kat. 1). An der Moyenne ass mat Wandvitesse vun 130 km/h ze rechnen. Wat de Reen betrëfft, ass mat Quantitéite vun iwwer 500 l/m² Reen ze rechnen.

De Sonndenowend soll de NALGAE op Luzon treffen.