![bannerweb](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2022/04/bannerweb-6-678x381.png)
Um nërdleche Rand vun der Uertschaft Kandel a Rheinland-Pfalz huet sech de Mëtten en Tornado forméiert. D’Uertschaft ass Ronn 140 Kilometer Loftlinn vun heiheem fort.
Titelbild © by M. Eiswirth via Tornadoliste.de
Schwaachen Tornado zitt duerch Kandel
An der Uertschaft Kandel, net wäit vu Karlsruhe ewech, huet sech um Dënschdemëtten e schwaachen Tornado entwéckelt. Der däitscher Datebank fir Tornadofäll, der Tornadoliste no, war de Wirbel tëscht 12:24 an 12:26 Auer um Buedem. Iwwerdeems si Feldplanen duerch d’Loft gewirbelt ginn, och de Stroum ass ausgefall well de Stuerm iwwer Stroumleitungen ewechgezunn ass.
![](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2022/04/MeiswirthKandelTornadoliste.png)
Am Joer trieden alleng an Däitschland 20 bis 60 Tornadoen op, op ganz Europa iwwerdroen sinn et ongeféier 300 bis 500 Tornadoen.