Saharastëbs an aner Aflëss: Temperatur-Prognose schwanke momentan immens

Et gi Perioden, an deenen ass et méi e groussen Challenge wéi soss fir bestëmmt Parameter esou akkurat wéi méiglech virauszesoen. Momentan gehéieren d’Temperaturen dozou, déi de Modeller no einfach net richteg wësse, wouhin se wëllen.

Advertisement

Vu Modelldifferenzen bis hin zu Saharastëbs

Mir hunn et de Moment erëm mat enger méi schwiereger Phas ze dinn, wat d’Wiederprognosen ugeet – besonnesch a Saachen Temperaturen. Wéi et bei all den anere Parameter och ass, vergläicht een fir eng akkurat Wiederprognos fir d’éischt mol eng Hand voll Wiedermodeller. Duerno entscheeden dann Duerchschnëttswäerter an och déi eegen Experienz doriwwer, wat am Endeffekt an de Wiederbericht stoe kënnt. Mee wat maachen, wann d’Temperature vu Modell zu Modell, a vun Aktualiséierung zu Aktualiséierung, immens staark schwanken? Do gëtt et dann direkt e méi knifflegen Challenge: Dem een oder aneren ass sécherlech opgefall, dass all d’Wiedersäiten de Moment immens ënnerschiddlech Temperaturen uginn.


Et läit Saharastëbs an der Loft, deen d’Temperaturentwécklung zousätzlech ka beaflossen | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

Bei déi momentan Modellonsécherheet gesellt sech dann och nach Saharastëbs, deen sech wéi en dënne Schleier iwwert eis Käpp leet. Wa manner Sonn duerchkënnt, da gëtt et och net esou waarm wéi et virausgesot gouf. Och de Moment beobachten mir dëst: Der Auswäertung fir haut no wiere 14 bis 18 Grad duerchaus méiglech gewiescht, aktuell (26.03.2024 – 13:17) hänke mir awer bei 9 bis 13 Grad. De Saharastëbs reegt dobäi, duerch seng Partikelen, gären d’Bildung vu weidere Wolleken un, wat haut och eng Roll spillt. Trotz méi Wolleke wéi geplangt koum sech d’Sonn bis ewell awer trotzdeem ganz kuerz weisen.

Effekt trëtt a Standard-Smartphone-Apps nach méi intensiv op

Wann esou Faktoren dozou bäidroen, dass Prognosen en däitlech méi usprochsvollen Challenge sinn, da sinn et an éischter Linn mol direkt déi vollautomatesch Apps, déi zimmlech séier just nach Quatsch uweisen. Dës gi nämlech net vu Mënschenhand gepréift a weisen einfach just riicht eraus d’Berechnung vun engem eenzege Modell, allerhéchstens zwee, un. An eng Prognos, wéi se beispillsweis Météo Boulaide mécht, fléisst den Input vun op d’mannst 5 Modeller an. Automatiséiert Applikatioune si schéin a gutt, mee an der Meteorologie fanne se awer zimmlech séier hir Grenzen.

Wat elo déi zweet Wochenhallschent betrëfft, gëtt et op alle Fall méi waarm. Mee och haut um Dënschden ass leider ëmmer nach net kloer, wéi wäit d’Wäerter wierklech klammen. Maximalwäerter vun tëscht 10 an 20 Grad stinn zur Optioun, méi genee kann een et de Moment leider net soen. Där Phase ginn et, d’Meteorologie ass eben ëmmer nach eng komplex Wëssenschaft.