Update: De neiste Stand zu den Donnerwieder fir BeNeLux & Däitschland

Nodeems sech den Owend d’Reschter vun engem Donnerwiedersystem aus Frankräich an eise Géigenden ausreenen, ass vu muer un iwwer Deeler vu BeNeLux, Frankräich an Däitschland mat méi ruppege Phänomener ze rechnen.

Advertisement

Haut den Owend (Méinden)

Aus Frankräich kënnt en Donnerwiedersystem eropgezunn, deen eis um spéideren Owend resp. an der Nuecht wäert passéieren. Dobäi kann et punktuell zu Staarkreen kommen, jee no Entwécklung och zu méi spierbare bis hin zu stiermesche Wandstéiss. Knëppelsteng sinn eng Ausnam an och Warnschwelle musse keng erreecht ginn.

Muer, Dënschden 20. Juni 2023

Muer um Dënschden zeechent sech schonn eng däitlech méi markant Situatioun iwwer BeNeLux an Däitschland of. Vu Frankräich hier ass ze erwaarden, dass sech en Donnerwiedergebitt forméiert, wat dann am Nomëtten zimmlech séier op BeNeLux wäert ausgräifen. Besonnesch iwwert der Belsch an Deeler vun Holland si Knëppelsteng (deemno wéi och mol bis 3 cm am Duerchmiesser), Stuermstéiss an zolitte Staarkreen ze erwaarden. Doropshin gesinn d’Modeller de Risk vun enger Donnerwieder- oder Onwiederfront, déi op Nordrhein-Westfalen duerzitt. Dobäi ass awer nach net ganz sécher, wéi no dëse System Lëtzebuerg kënnt. De meeschte Modeller no geet et ganz knapp westlech a nordwestlech un eis laanscht, eenzelner gesinn et awer och bei eis ukommen – also mat änlecher Intensitéit.


Déi ongeféier Risikogebitter, Stand Méindenowend 19.06.2023 – 19:34 Auer. D’Grenzen vun de Linnen sinn net 1:1 esou ze iwwerhuelen

Aner Modeller gesinn och iwwer Lëtzebuerg Donnerwieder, déi mat Staarkreen a spierbarem bis zäitweis stiermeschem Wand kënnen opfalen, mee d’Intensitéit sollt sech am Verglach zu den anere Géigenden a Grenzen halen.

Zur selwechter Zäit soll an de Südweste vun Däitschland eppes aus Frankräich eragezu kommen, dat och mam Potenzial vun Stuermstéiss, Knëppelsteng an zolittem Reen.

Vum Intensitéitsmuster hier ass et also net onméiglech, dass Lëtzebuerg wéi eng Aart “Schéier” fungéiert.

Mëttwoch & Donneschden, 21. & 22. Juni 2023

E Mëttwoch geet d’Donnerwiederneigung an eise Géigenden dagsiwwer zréck. Et ass eréischt de spéideren Owend an d’Nuecht op den Donneschden, déi méi interessant gëtt. D’Modeller weisen all dat änlecht Muster, dass sech aus Frankräich schonn erëm en Donnerwiedersystem a Richtung BeNeLux & de Weste vun Däitschland breet mécht. Dëse System wier vun immens zolittem Reen, schwéiere Stuermstéiss an och mol gréissere Knëppelsteng begleet. Vun der Warscheinlechkeet hier ass dat de Moment vum héchsten Risiko fir Onwieder zu Lëtzebuerg, wa mir vun der momentaner Donnerwieder-Serie iwwer Mëtteleuropa schwätzen. Dëst wäerte mir an engem aneren Artikel nach méi genee thematiséieren.

Donneschden, 22. Juni 2023

Um Donneschde selwer kann et bei eis mol nach zu e puer Schaueren oder eenzelnen Donnerwieder kommen, mee dat ass näischt géint dat enormt Potenzial, wat sech iwwert der Mëtt an dem Süde vun Däitschland zesummesetzt. Mat enorme CAPE-Wäerter vun deels ëm 4000 J/kg, enger staarker Wandrichtungs- a Vitessescherung & immenser buedemnoer Loftfiichtegkeet klëmmt an de genannte Géigenden de Risk vun extreem zolitten Donnerwieder (Superzellen) mam Potenzial fir ganz grouss Knëppelsteng (5 cm an driwwer), Orkanstéiss, Iwwerschwemmungen an esouguer den een oder aneren Tornado ass méiglech – och den däitsche Wiederdéngscht DWD huet op hirem offizielle Site schonn en Hiweis ausgesprach.