Update: Vum fréien Donneschdemoien u lokal Stuermstéiss méiglech

Am Laf vun der Nuecht geréit Lëtzebuerg erëm ënnert e Wandfeld, wouduerch stiermesch Wandstéiss ze erwaarde sinn. Punktuell kann un der Warnschwell vu 75 km/h gekrazt ginn.

Advertisement

Keng ausgewuesse Stuermlag

An de nächste Stonne gëtt et ëmmer méi lefteg zu Lëtzebuerg, och eenzel Stuermstéiss wäerte méiglech sinn. Wichteg ass awer ze wëssen, dass mir et net mat engem ausgewuessene Stuerm oder enger geféierlecher Situatioun ze di kréien.


D’Wandvitessen ëm d’Mëttesstonn um Donneschden, berechent vum däitsche Modell ICON | Grafik: wxcharts.com

Vum Oflaf hier wäert de Wand schonn am Laf vum Owend no a no zouhuelen, a Richtung Mëtternuecht sinn éischt méi stramm Stéiss vu bis ëm 65 km/h méiglech. An der zweeter Nuetshallschent geet et weider, virun allem vu muer de Moie fréi un kann et méi oft zu stiermesche Wandstéiss vun tëscht 60 a 70 km/h kommen. Besonnesch a Begleedung mat Schaueren oder och mol engem kuerze potenziellen Donnerwieder kann un der Warnschwell vu 75 km/h gekrazt ginn, och en Iwwerschreiden ass méiglech. Vum fréie Nomëtten u bleift et zwar nach lefteg bis stiermesch, d’Wäerter sollten awer ënnert der Warnschwell ënnerwee sinn.

Eng weider bësse méi stiermesch Situatioun géif eis fir den Ufank nach eng Kéier am spéidere Freidenomëtten erwaarden.