Virun engem Joer: Temperature vu knapp iwwer 37 Grad

Anescht wéi de Moment, hate mir et d’lescht Joer ëm dës Zäit mat deels extrem héijen Temperaturen ze dinn.

Hëtztwell mat Wäerter vu knapp iwwer 37 Grad

D’lescht Joer hate mir et vum 24. Juni bis den 01. Juli mat enger zimmlech markanter Hëtztwell ze dinn. Nodeems den éischten Dag zu Waasserbëlleg a Bartreng eng Maximaltemperatur vun 33,5 Grad areecht gouf, sinn d’Wäerter un de genannte Statiounen op 35,7 Grad zu Bëlleg a 35,4 Grad zu Batreng geklommen. Och Ettelbréck war de 25. Juni 2019 mat 35,3 Grad gutt dobäi.

De Peak vun der Hëtztwell hate mir de 26. Juni 2019 mat 37,2 Grad zu Waasserbëlleg. Och un anere Statiounen ass et fir änlech Wäerter duergaang, wéi beispillsweis zu Steesel (ASTA) mat 36,8 Grad a Rëmerschen (ASTA) wéi och Réiser (ASTA) mat 36,5 Grad. Vun dësem Dag u sinn d’Temperature net méi grad esou héich geklomm, ier um 30. Juni (also haut virun engem Joer) en zweete Peak mat enger Maximaltemperatur vu 35,9 Grad zu Waasserbëlleg areecht gouf.

Quell vun de Wiederdonnéeën: