Modellgeflüster: Juli 2020 warscheinlech ze dréchen a minimal ze waarm

Den zweete meteorologesche Summermount steet virun der Dier. Wéi kéint dëse ginn? Fir en ongeféieren Trend auszemaache, kucke mir eis e puer Modeller un.

CFS rechent mat ze dréchenem siwente Mount

De Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System), dee bis zu 6 Méint an d’Zukunft rechent, simuléiert de Moment (Stand: 30.06.2020 – 03:27h), dass de Mount Juli 2020 e Stéck ze dréchen ausfale kéint. Wat d’Temperaturen ugeet sollte mir am Beräich vun der Moyenne ukommen.

Tëscht duerchschnëttleche 0,4 a 0,6 l/m² den Dag soll et manner reene, wéi et normalerweis an engem Juli de Fall ass. D’Duerchschnëttsreequantitéit zu Lëtzebuerg läit an engem Juli bei 71 l/m², gemooss un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel. Dëse Wäert bezitt sech op d’Referenzperiod vu 1981 bis 2010.

Temperaturen am Beräich vun 30 järeger Moyenne

Maache mir dat selwecht elo mat den Temperaturen, da fält op, dass de Juli méi oder manner normal ausfale sollt. An der Ëmgéigend vu Lëtzebuerg gëtt héchstens mat enger positiver Anomalie vu bis zu 1 Grad gerechent. Och rem op d’Referenzperiod bezunn, läit d’Duerchschnëttstemperatur vun engem lëtzebuerger Mount Juli bei 18,2 Grad.

Mee Hiweis: bei de Berechnunge vum CFS- Modell handelt et sech ëm Estimatiounen a net ëm Prognosen! Well dëse Modell an de leschte Méint an och d’lescht Joer net all ze wäit donierft louch, kann een e gären als méiglechen Trend mat abezéien. Och wann d’Temperaturen den aktuelle Simulatioune no normal ausfale sollte, kënnen tëschenduerch awer trotzdem mol Hëtztwelle mat däitlech ze héije Wäerter optrieden. Et bezitt sech also alles op Duerchschnëttswäerter.

Amerikaneschen & europäesche Wiedermodell

Fort vun de Laangzäitmodeller. Den amerikanesche Wiedermodell GFS ka bis zu 15 Deeg am Viraus rechnen, den europäeschen ECMWF HRES knapp 10 Deeg. Natierlech sollt ee Simulatiounen, déi sou wäit an d’Zukunft ginn, net all ze eescht huelen. Mee och hei probéiere mir erëm, Indicen fir en Trend auszemaachen.

GFS

Sou wéi et de Moment ausgesäit (30.06.2020 – 03:37 Auer), ännert sech bis ronderëmt de 6, 7 an 8 Juli net vill un den Temperaturen. Dagsiwwer leie mir meeschtens bei Maximalwäerter vun tëscht 18 an 23 Grad. Iwwerdeems sinn e puer Nidderschlagssignaler ze gesinn, déi op Schaueren a lokal Wiederen hindeiten, déi op Passage vu Kalfronten zréckzeféiere sinn. An Tëschenzäit huet sech rem eng Westwiederlag agestallt, déi och mol nach bis an d’Hallschent vum Juli kéint weidergefouert ginn.

D’Temperature kéinten de selwechte Modellrechnunge no rem sou vum 9, 10, an 11 Juli dorëmmer u klammen, dat mat enger Spaan vun tëscht 23 an 32 Grad (Maximalwäerter). D’Nidderschlagssignaler schénge vun do u rem e Stéck zréckzegoen.

ECMWF

Sou wéi och den amerikanesche GFS rechent den europäesche Modell de nächste Weekend, haaptsächlech um Sonnde, mat engem Virstouss vu summerleche Loftmassen. E gëtt méi intensiv gerechent wéi vum GFS. Iwwerdeems de GFS Temperature vun ëm 26/ knapp 27 Grad komme gesäit, sollen d’Wäerter dem europäesche Modell no e Stéck driwwer klamme kënne. Punktuell wiere souguer héichsummerlech Wäerter vu knapp iwwer 30 Grad méiglech. Um Méinden, 6. Juli 2020 soll eng Kalfront dat Ganzt awer scho rem ënnerbriechen, dat zesumme mat eenzelne Nidderschléi wéi Schaueren an Donnerwieder. De 9.te Juli, aus dem momentanen Zäitpunkt aus gesinn de leschten Dag a Reechwäit vum ECMWF HRES, kéinte mir ëmmer nach ënner net summerleche Loftmasse leien. D’Verdéiwung vun engem Déifdrockgebitt westlech vu Frankräich an d’Etabléiere vun engem Héich iwwer Mëtteleuropa deit awer un, dass et an den Deeg drop rem zu engem weidere Virstouss vu waarme Loftmasse komme kéint.

Fazit:

Sou gutt wéi de ganzen Artikel ass Spekulatioun – déi eenzeg Méiglechkeet, wann ee probéiert, en Trend fir déi nächst 15 Deeg a méi auszemaachen. Zesumme mat de Laangzäitberechnunge vum Laangzäitmodell CFS an de Kuerz- bis Mëttelfristmodeller GFS an ECMWF kann een awer, op mannst mol wat de momentane Standpunkt ugeet, dovun ausgoen, dass mir et an den éischten 10 Deeg vum Juli warscheinlech ëmmer nach mat enger éischter variabler Westwiederlag ze dinn hunn. Heescht also: Sonn a Wolleken am Wiessel, zäitweis gutt summerlech waarm, tëschenduerch mol rem eng Kalfront mat Schaueren a Wiederen déi d’Temperature rem fale loossen. Wat d’Akkumulatiounen ugeet ass do awer viraussiichtlech net all ze vill dobäi, wat erëm der Laangzäitberechnung vun de Reequantitéite vum Laangzäitmodell CFS an d’Kaarte spille kéint. Fir déi zweet Julihallschent well ech net ausschléissen, dass sech rem eng méi stabil Héichdrock- Grousswiederlag astelle kéint.