Wand-Update: Den Owend passéiert eis erëm e Randdéif, wat ass ze erwaarden?

De Wand ass schonn erëm amgaangen zouzehuelen, dat duerch e weidert Randdéif wat eis am Laf vum Owend passéiert. Wat genee ass ze erwaarden? Mir geheien e Bléck op d’Eenzelheeten.

Déifdrockstrooss ëmmer nach aktiv

Virun e puer Wochen hate mir déi momentan Wiederlag och nach als “Déifdrockstrooss” gedeeft, well esou zimmlech um selwechte Wee ëmmer erëm Déifdrockgebitter duerchrauschen. Dat ass och de Grond, firwat dass mir et elo schonn esou laang mat esou variablem an ongemittlechem Wieder ze dinn hunn. Haut den Owend kënnt aus Westen e weidert Déifdrockgebitt eragerauscht, méi genee gesot e Randdéif – a genee wéi gëschter Owend erwaart eis awer keen ausgewuessene Stuerm.

Dat wat eis erwaart, sinn erëm kräfteg Wandstéiss, vun deenen e puer eenzelner mol an de stiermesche Beräich kënne rëtschen. Domat ass gemengt, dass eis meeschtens Spëtzte vun tëscht 50 a 65 km/h ustinn, an dass just heiansdo mol stiermesch Wandstéiss/Stuermstéiss bis 75 km/h net ausgeschloss sinn. Dëst beweegt sech ganz knapp ënnert der vu Météo Boulaide definéierter Warnschwell fir Stuermstéiss. Ënnert engem bestëmmten Zenario wier et e bësse méi warscheinlech, dass och warnrelevant Stuermstéiss kënnen optrieden, nämlech am Fall vun engem lokalen Donnerwieder. Se si méiglech, mee de Risk ass immens kleng. Dohier verbleiwe mir fir haut just bei engem Hiweis viru stiermesche Wandstéiss, ruffen awer keng akut Wiederwarnung aus.


Beispill vun de Vitessen, déi vum ARPEGE berechent ginn | Grafik: wxcharts.com

De lëftegsten Zäitofschnëtt haut sollt bei tëscht 18 Auer den Owend an 4 Auer muer de Moien leien. Och wann d’Vitessen normalerweis net all ze héich sollten ausfalen, muss dru geduecht ginn, dass vill Beem duerch de Wand aus de leschten Deeg & den opgeweechte Buedem destabiliséiert sinn an doduerch kënnen ëmfalen.


Méiglechen Zenario fir en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

Fir en Donneschde steet e weidert Randdéif zur Optioun, mee do si sech d’Modeller nach guer net driwwer eenz ob mir matten an d’Stuermfeld geroden oder just niewelaanscht matspillen.