Wanterwieder-Update: Ëmmer nach Schnéischaueren um Méinde méiglech?

En Dënschden hate mir eist d’Fro gestallt, ob sech de Wanter deemnächst nach eng Kéier weist. Déi deemooleg Berechnungen hate fir de nächste Méinde Flacken dran – mee ass dat ëmmer nach esou?

Advertisement

Geréngfügeg Warscheinlechkeet

Et war deemools eng zimmlech geréng Warscheinlechkeet – a wéi et schéngt, bleift dat och esou. En Dënschden goufe fir de Méinden, 12. Februar, nach eng Kéier e puer Schnéischauere berechent. Tendenziell war deemools haaptsächlech den europäesche Modell dem wanterleche Wieder géigeniwwer am optimisteschsten.


D’Berechnung vum europäesche Modell fir e Méinden | Grafik: wxcharts.com

An Tëschenzäit rechent den europäesche Modell fir e Méinde mat engem Nidderschlagsgebitt, wat iwwert eis ewechzitt. De Gros vun de Nidderschléi soll aus Reen erofkommen, mee de Modell wëll ganz lokal trotzdeem nach déi eng oder aner Flack net ausschléissen. Am warscheinlechste wier dat dësem Modell no op den héchste Koppe vum Land. Mee wat maachen déi aner Modeller draus?


Den ICON, esouwéi och aner Modeller, gesinn de Méinde komplett anescht | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell rechent fir genee de selwechten Zäitpunkt kaum mat Nidderschléi, et soll liicht wollekeg bis bedeckt sinn. Eréischt méi spéit um Owend wier fläit mol bësse Reen dran. Och den amerikanesche Modell gesäit éischter dréchent Wieder op eis duerkommen. Eng véiert Meenung, nämlech déi vum franséischen ARPEGE ass déi, dass liicht Nidderschléi ze erwaarde sinn, dës awer op alle Fall als Reen erofkommen.

Wat heescht dat elo? A firwat steet den europäesche Modell alleng do?

Wéi am leschte Schnéi-Update betount, kënnt et ganz drop un, wéi kill eis Loftmasse sinn. Den europäesche Modell gesäit méi kill Loftmassen op eis duerkommen, wouduerch en eben och de liichte Schnéi tëscht dem Reen uweist. D’Déifdrockgebitt, ënnert dem mir leie, gëtt also vum Modell südlech genuch berechent, fir dass et kéint liicht wanterlech ginn.


D’Déifdrockgebitter sollen der Majoritéit vun de Modeller no ze wäit nërdlech fir Schnéi zéien | Grafik: wxcharts.com

Den Ënnerscheed ass elo awer deen, dass quasi all déi aner Modeller d’Kären vum Déifdrockgebitt/Déifdrockkomplex vill méi wäit nërdlech gesinn. Doduerch ass d’Majoritéit der Meenung, dass mir et mat ze mëlle Loftmasse fir Schnéi ze di kréien. Dat heescht also, dass d’Warscheinlechkeet fir e liichte wanterlechen Touch de kommende Méinden ëmmer nach just geréngfügeg warscheinlech ass – et sollt also dorop erauslafen, dass et net dozou kënnt.

Gëtt et soss keng Hoffnung méi?

Den europäesche Modell wëll d’Hoffnung nach net verléieren a gesäit elo fir ronderëmt de 19. Februar eng weider kleng Warscheinlechkeet, iwwerdeems déi aner Modeller weiderhin mat ze héijen Temperaturen ënnerwee sinn. Wat awer net ausser Uecht ze lossen ass, dass d’Warscheinlechkeet fir e “Major Warming” an der Atmosphär um klammen ass. Dat heescht, dass de Polarwirbel derart ka gestéiert ginn, dass aus enger westlecher Stréimung op eemol eng richteg kill ëstlech kéint ginn. D’Confirmatioun steet awer nach aus – un d’Wanterfrënn also: dréckt d’Daumen! Un déi aner: dréckt se och, mee esou, dass et net méi wanterlech gëtt 😉