Buedemfrascht a glaat Stroosse méigleg

Vun der neier Woch un kann ët ëmmer rëm zu Buedemfrascht kommen, lokal ass dann och mol mat glaate Stroossen ze rechnen.

Lokal glaat Stroosse méigleg

Vun der neier Woch un wärten eis Temperaturen rëm e Saatz no ënne maachen. Am Daag bleiwen se wuel nach am däitleche, eestellëge Plusberäich. An de Nuechten kënnen se awer, virun allem am Norden vum Land oder och an den Däller op ënner 0 zréckgoen. Ë puer Berechnunge no wieren Ufanks der neier Woch plaatzeweis souguer minimal ëm déi -4 Grad dran.


(c) Copyright by Météo Boulaide

Grafik: WXCHARTS.eu

Bis de Weekend kéint dëst laut den aktuelle Modellrechnunge sou bleiwen. Duerno wier dann rëm mat enger liichter Erwiermung ze rechnen, wou ët dann nët méi sou oft zu Minustemperature komme sollt. An de nächsten Deeg sollt een awer op alle Fall virun allem an de fréie Moiesstonnen oppassen, nët vu glaate Stroossen iwwerrascht ze ginn.