Philippinnen: Supertaifun GONI trëfft all Moment u Land

De Supertaifun GONI trëfft an de nächste Stonne mat Wandspëtzte vu bal 300 km/h op d’Philippinnen. Titelbild © AFP 2020 / ED JONES.

De Supertaifun GONI, dee mat engem Hurrikan vun der héchster 5ter Kategorie op der Saffir-Simspon Skala ze vergläichen ass, trëfft an de nächste Stonnen op d’Philippinnen. Besonnesch betraff sinn déi méi nërdlech Géigende, ronderëm d’Haaptstad Manila, wou déi héchst Wandvitessen optriede wäerten. De Stuerm soll an der zweeter Hallschent vun der nächster Nuecht mat extremen Orkanstéiss vun ëm 270 km/h bei Sorsogon City, Tiwi, Pandan, Virac, Calabanga, Naga, Legazpi u Land goen. Dobäi ass direkt un de Küste mat Wellenhéichte vun tëscht 6 an 10 Meter ze rechnen. Duerch des Kombinatioun besteet héchst Liewensgefor. Mat dobäi kommen extrem Reenzomme vun tëscht 200 a 500 l/m² a nëmme 24 Stonnen, deelweis ginn esouguer bis ëm 680 l/m² berechent.


De Parcours vum Supertaifun GONI | Source: cyclocane.com

De Stuerm huet sech den 28. Oktober wäit iwwert dem Pazifik forméiert, net all ze wäit ewech vun de Northern Mariana Islands. Op sengem Wee a Richtung West-Südwesten huet e sech séier verstäerkt, schonn de 29. Oktober huet de System mat enger Vitesse vun 225 km/h an der Moyenne geblosen, an de Spëtzte goufen 266 km/h areecht. De stäerkste Punkt bisewell gouf haut areecht, dat mat engem Mëttelwand vun 298 km/h a maximale Wandstéiss vun onvirstellbaren 362 km/h. De Moment, Stand 31.10.2020 – 15:25 Auer, generéiert e nach e Mëttelwand vun 212 km/h an an de Spëtzten ass en ëmmer nach mat extremen 304 km/h ënnerwee.

Iwwer Land wäert sech de Stuerm lues a lues ofschwächen, en trëfft awer nach als Kategorie 4-Equivalent u Land. Nodeems de Stuerm d’Philippinnen hannert sech geloss huet, zitt en iwwer d’chinesescht Mier weider a Richtung Vietnam, wou e viraussiichtlech an der Nuecht op den Donneschden ukomme soll.