Weekendwieder Update: En Déifdrockgebitt zitt iwwert eis ewech

De Weekend steet virun der Dier an et gëtt wuel ausgerechent fir elo manner gutt.

Vun der Nordséi hier kënnt en Déifdrockgebitt an eis Géigenden erofgezunn, wat dofir suerge wäert, dass et manner frëndlech zu Lëtzebuerg gëtt. Reen ass do och mat dobäi. Hei déi nächst Deeg am Détail.


D’Déifdrockgebitt, wéi et vun der Nordséi hier a Richtung Lëtzebuerg gezu kënnt | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 13. November 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, méi spéit kënnt wuel plazeweis och de Niwwel zréck. Frëndlech gëtt et net méi. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 6 an 8 Grad an, et bleift fiicht.

Sonnden, 14. November 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent erëm, d’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. D’Wieder bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Déi lescht Drëppse falen, et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg – wat iwwereg bleift si Niwwelfelder.

Déi weider Aussiichte fannt Dir hei.