ZEYNEP: Wéi geet et den Owend zu Lëtzebuerg virun?

D’Kalfront vum Orkandéif ZEYNEP huet Lëtzebuerg zu der virausgesoter Zäit passéiert an huet fir Vitesse vun iwwer 100 km/h gesuergt. Wéi geet et elo virun?

D’Kalfront um ZEYNEP an Zuelen

Den Orkan ZEYNEP weist sech op ville Plazen um europäesche Kontinent immens zolitt, besonnesch op de britteschen Inselen, am Nordweste vu Frankräich, an der Belsch, Holland, an och an der Nordhallschent vun Däitschland. Op dëst gi mir awer an engem seperaten Artikel an.

D’Kalfront vum ZEYNEP huet Lëtzebuerg tëscht 15 an ongeféier 16:30 Auer iwwerrullt, dat mat kräftegen agelagerte Schauerlinnen. Zumools un dëse Linnen ass et zu de stäerkste Wandvitesse komm. Zu Wolz war dat awer anescht, do ass et och onmëttelbar hannert der Kalfront nach fir 106 km/h duergaangen, en orkanaartege Wandstouss.

Dëst waren déi héchst Wandvitessen

  1. Wolz: 106 km/h
  2. Beetebuerg: 100 km/h
  3. Käerjeng-Kënzeg: 93 km/h
  4. Ell: 93 km/h
  5. Useldeng (ASTA): 93 km/h
  6. Konsdref: 91 km/h

Quell Donnéeën: Kachelmannwetter

Eng ganz Partie Beem sinn ëmgefall, besonnesch am Nordweste vum Land louchen och där méi décker Kaliberen an de Stroossen. Dovun ofgesinn ass vill Dreck duerch d’Géigend geflunn, och liicht Géigestänn hu sech deels duerch d’Bascht gemaach.

Wéi geet et virun?

D’Kalfront ass duerch, an awer ass weiderhi mat stiermeschem Wand bis hin zu Stuermstéiss ze rechnen. Säitens Météo Boulaide ass d’Warnstuf ROUT am Nomëtten um 16:17 Auer opgehuewe ginn an eng nei Wiederwarnung vun der gieler Stuf gouf aktivéiert – obwuel mir hannert der Kalfront sinn, kënne bis an de spéideren Owend resp. an déi zweet Hallschent vun der Nuecht eran nach Maximalwäerter vun tëscht 65 an 85 km/h optrieden, ganz lokal och mol nach bis 90 km/h.

Der enger oder anerer eenzelner Modellrechnung no soll eis géint Mëtternuecht eng weider kleng Front erwaarden – dës Berechnungen zielen allerdéngs zu der Minoritéit. Sollt sech am Laf vum Owend awer trotzdem eppes weisen, da gitt Dir dat natierlech gewuer.

Spéitstens an der spéiderer zweeter Nuetshallschent sollt sech de Wand iwwerall geluecht hunn.