Éischt Kéier dëst Joer: Gëtt um Mëttwoch un den 20 Grad gekrazt?

Mir geroden demnächst ënnert eng däitlech méi mëll Stréimung, wouduerch um Mëttwoch lokal esouguer un den 20 Grad ka gekrazt ginn.

De Mëttwoch: Wäermsten Dag vun der Woch?

De Mëttwoch kéint den aktuelle Berechnunge no de wäermsten Dag vun der Woch ginn. Wann d’Modellkaarten esou bleiwe wéi elo, da kéinte mir genee dann ënnert enger däitlech méi waarmer Loftstréimung leien. Tëscht 15 a 19 Grad sinn aus aktueller Siicht ze erwaarden – et kann awer net ausgeschloss ginn, dass et lokal begrenzt och mol fir 20 Grad duergeet – typesch wieren beispillsweis Géigende wéi d’Musel, ronderëm d’Haptstad oder och am Raum Dikrech/Ettelbréck.


D’Grousswiederlag fir de Mëttwochmëtten | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

D’Konstellatioun aus engem groussen Azorenhéich, engem weidere groussen héich iwwer Russland an u sech och dem gesamten osteuropäesche Raum, an zwee klengen Déifdrockgebitter iwwert de britteschen Inselen an och dem westleche Mëttelmierraum, ass fir dësen Temperaturpeak verantwortlech.

An den Deeg drop gëtt et zwar wuel manner waarm, et bleift awer trotzdeem zimmlech mëll.