Bléck op de Weekend: A klenge Schrëtt erëm méi waarm

De Weekend iwwer geroden erëm méi waarm Loftmassen aus dem Süden an eis Géigenden.

D’Grousswiederlag

Iwwert de Freiden an och de Samsden erstreckt sech héije Loftdrock, deen am Laf vum Sonnde vu Westen hier ofhuele wäert. De Sonnde kéint den éischten Dag vum Joer ginn, un deem et zimmlech schmeier ka ginn – dat eben duerch déi waarm Loftmassen aus dem Süden a fiicht Loftmassen, déi parallel dozou aus Westen ufänken eranzedrécken. Vun der Nuecht op de Méinden u besteet also och mol de Risk vun engem lokale Summerdonnerwieder, mee fir Detailer ass et awer nach ze fréi.


D’Grousswiederlag fir d’Nuecht op de Méinden | Grafik: wxcharts.com Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Freiden, 13. Februar 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et gëtt manner wollekeg, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte bleift dëst och esou, d’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 20 a 24 Grad. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen, an de Spëtzte packt en et op 40 km/h. Et bleift frëndlech, eréischt am spéidere Nomëtten/fréien Owend gëtt et kuerzzäiteg erëm e bësse méi wollekeg – tendenziell a Richtung Südoste vum Land. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 11 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Samsden, 14. Februar 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 10 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 a 19 Grad erop. Et zéie just e puer eenzel Wolleken duerch. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Sonnden, 15. Februar 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 21 bis 24 Grad erop. Et gëtt weider méi wollekeg, d’Sonn weist sech awer och nach dotëscht. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 25 an 30 Grad ze rechnen, Sonn a Wolleke wiessle sech of. De Wand bléist liicht spierbar aus Südosten, an de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht komme méi Wolleken dobäi, besonnesch an der Nuecht besteet e klenge Risk vu lokale Schaueren an Donnerwieder. Dëse wäert sech de Méinden iwwer fortsetzen.