De Wochenausbléck: Summerlech, Chancen op Reen nëmme kleng

An dëser Woch hu mir et gréisstendeels mat engem Mix aus Son a Wolleken ze dinn. Dës Wolleke kënnen och mol méi kompakt ausfalen an zäitweis besteet esouguer eng kleng Schauerwarscheinlechkeet.

D’Grousswiederlag

Generell hu mir et dës Woch haaptsächlech mat héijem Loftdrock ze dinn. D’Déifdrockgebitter sinn awer net all ze wäit vun eis fort a kënnen zäitweis an eist Wiedergeschéien agräifen. Mir hunn et also mat liicht onbestännegem Wieder ze dinn, wat och mol mat Chance zu enger Schauer féiere kann. D’Temperature klamme net méi grad esou héich, kal gëtt et awer net.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinden hu mir et mat ville sonnege Momenter an e puer harmlose Wolleken ze dinn. Am Laf vum Dag ass mat Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad ze rechnen. Muer um Dënschde geet et erëm sonneg an den Dag eran, eréischt vum spéidere Nomëtten u gëtt et ëmmer méi wollekeg. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 24 a 29 Grad – mir bleiwen also um summerleche Niveau.

Duerch liichten Déifdrockafloss rechnen d’Modeller an der Nuecht op de Mëttwoch mat der Chance op e puer Schaueren, déi punktuell och mol méi kräfteg ausfale kéinten. Den europäesche Modell rechent mat 13 l/m² déi erofkomme kënnen, den amerikaneschen awer just mat ëm 2 l/m². Dat lescht Wuert ass also definitiv nach net geschwat. Um Mëttwoch selwer zéien eng Partie Wolleken duerch, am Nomëtte besteet just eng geréng Chance op eng lokal Schauer. D’Temperature klammen op 23 bis 26 Grad. Den Donneschden an de Freide wiessle sech d’Sonn an e puer méi kompakt Wolleken of, et sollt awer dréche bleiwen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 23 a 26 Grad.


Den europäeschen ECMWF gëtt fir d’Nuecht op de Mëttwoch kloer Signaler fir Reen | Grafik: wxcharts.com

De Samsden an de Sonnde forméiert sech knapp südlech vun de britteschen Inselen en Déifdrockgebitt, duerch dat et och bei eis méi onbestänneg ka ginn. De ganze Weekend iwwer ass d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren oder fläit och mol engem Donnerwieder net null. De Samsde si mir mat 22 bis 24 Grad ënnerwee, de Sonnde sollen et 24 bis 28 Grad ginn.