Bléck op de Weekend: Kalfront, liichte Frascht a lokal Schnéiflacken

Duerch e Kalfrontduerchgang muer um Freide bleift et och de Weekend iwwer nach méi kal bei eis. Et wäert awer net duerch an duerch naass sinn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Freiden zitt en Déif vun der Nordséi hier iwwer Dänemark an Däitschland bis a Polen eran. D’Kalfront dovun wäert eis doduerch och passéieren, dat mat kuerzzäiteg däitlech méi naassem Wieder.


Déi kill Loftmassen hunn eis och de Weekend iwwer am Grëff | Animatioun: wxcharts.com

E Samsden an e Sonnde bleift Déifdrockafloss iwwert eis leien, mee en ass net méi esou intensiv. Héije Loftdrock, deen iwwert de britteschen Insele läit, probéiert och zousätzlech seng Füleren a Richtung Lëtzebuerg auszestrecken.

De Verlaf

Um Freiden hu mir et bis an de fréie Nomëtten mat de méi groussflächege Nidderschléi duerch déi ugeschwat Kalfront ze dinn. Wärend dem Nomëtte selwer bis géint 16/17 Auer kënne nach schaueraarteg Nidderschléi optrieden, ier et awer fir eng Zäit méi frëndlech an och méi dréche gëtt. 7 bis 10 Grad ginn als Maximalwäerter erreecht, a Richtung fréie Samsdemoie geet et op tëscht 0 an 3 Grad zréck. Ganz lokal ka rëm eng Schauer drënner sinn.

E Samsden zéie sech vum spéidere Moien/fréie Virmëtten un erëm e puer Schaueren duerch den Dag. Duerch déi kill Loftmassen iwwert eise Käpp kënnen eenzelner vun dësen och fir Schnéifall suergen, besonnesch op de Koppen am Land. En eenzelt Dimmer mat Graupel ass net ausgeschloss, iwwerdeems d’Temperaturen op tëscht 6 an 11 Grad klammen. An der Nuecht op e Sonnden zéien erëm eenzel Nidderschléi duerch, dat meescht zitt awer ëstlech un eis laanscht. Duerch Temperature vun tëscht -1 an 2 Grad kann et sech heibäi op e puer Plazen erëm ëm Schnéifall handelen. E Sonnde selwer geet d’Schaueraktivitéit vum fréie Nomëtten un ëmmer weider zréck, et gëtt fir eng kuerz Zäit méi frëndlech.

Tëscht de Schaueren heescht et generell, dass sech d’Sonn ëmmer erëm ka weise kommen. De Weekend fällt also definitiv net an d’Waasser.