Den Ausbléck: De Weekend erëm héichsummerlech Temperature méiglech

Elo, wou d’Temperaturen zwar am summerleche mee net wierklech hëtzege Beräich ënnerwee sinn, leeën d’Modeller fir de Weekend nach eng Schëpp drop. Geschwënn packe mir et erëm op 30 Grad.

Advertisement

Wou kommen déi waarm Loftmassen hier?

En Déifdrockgebitt, wat sech am Laf vun der zweeter Wochenhallschent vum Atlantik hier a Richtung brittesch Inselen beweegt, fungéiert als Wiermt-Pompel. Duerch seng Dréiung géint d’Auer (zesumme mat engem Héich iwwer Zentraleuropa, wat mat der Auer dréint) ginn déi héichsummerlech Loftmassen aus dem Südweste vun Europa ugezaapt an an eis Géigenden transportéiert. Et bleift also net beim momentane Comeback vun de summerlechen Temperaturen, mee och déi héichsummerlech Wäerter gesi mir warscheinlech geschwënn op eisen Thermometere stoen.


D’Grousswiederlag fir e Samsdemoien | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Den Effekt vun dëser Wiermt-Pompel soll vum Freiden un antrieden. Iwwerdeems bis d’Temperature bis dohin op héchstens 27 Grad geklomme sinn, sinn um Freiden tëscht 27 an 31 Grad ze erwaarden. En änlechen Dag géif eis e Samsden ustoen mat knapp 30 Grad an 31 Grad e Sonnden.

Géif et dann reng just dem europäesche Modell nogoen (och reng Theorie!) da géifen eis e Méinden 29 bis 33 Grad ustoen, en Dënschden 31 bis 34 Grad an e Mëttwoch 26 bis 32 Grad. Den amerikanesche Modell GFS gesäit et mat 26 bis 30 Grad e Méinden, 28 bis 31 Grad en Dënschden an 28 bis 33 Grad um Mëttwoch esouguer änlech, mee liicht manner waarm. Et bleift ofzewaarden, ob sech dësen Temperaturtrend confirméiert oder net. Météo Boulaide bleift op alle Fall fir Iech um Ball.