Modellgeflüster: Islanddéif kéint d’Hierschtstuermsaison aleeden

Kënnt d’Saison vun den Hierschtstierm esou lues op Touren? Dësem Wiedermodell no kéint et net méi all ze laang daueren. Och den Hurrikan EPSILON, deen de Moment nach iwwert dem oppenen Atlantik läit, huet seng Fanger am Spill.

Wat den Hurrikan EPSILON domat ze dinn huet

Den amerikanesche Modell GFS an deels och den europäeschen ECMWF hunn d’Iddi, dass sech ufanks der nächster Woch e gréissert a stabilt Déif bei Island installéiere wäert – an dësem Fall en Islanddéif. Dëst Déif kéint dozou féieren, dass mir geschwënn ënner eng turbulent Westwiederlag geroden. Dëst géif eng erhéicht Warscheinlechkeet vun Hierschtstierm bei eis ausléisen.


Den Hurrikan EPSILON dréit zu der Entstéiung vum Islanddéif bäi | Animatioun: wxcharts.com

An engem aneren Artikel hu mir dovu geschwat, dass den Hurrikan EPSILON nach de Weekend tëscht dem Azorenhéich an engem aneren Déif “duerchflutscht” an esou vun engem Déif, wat de Moment iwwert dem Nordatlantik läit, opgefong gëtt. D’Iwwerreschter vum EPSILON géifen den aktuelle Berechnunge no dozou bäidroen, dass sech am Beräich vun Island e gréissert an intensivt Déif forméiere kann, wat et an sech huet. De Moment rechent den europäesche Modell ECMWF fir Ufanks der nächster Woch mat dësem Islanddéif, wat e Kärdrock vu nëmmen ëm 936 hPa unhuele soll. Eng änlech Iddi huet de GFS mat 929 hPa, wat fir den Atlantik zwar schonn uerdentlech ass, mee awer ëmmer erëm mol virkomme kann.

Wéi mécht sech dat bei eis bemierkbar?

Wa sech dësen Trend confirméiert, da géif d’Warscheinlechkeet vun Hierschtstierm an eise Géigenden an d’Luucht goen. En Zentraldéif, wéi z.B d’Islanddéif, ass dofir bekannt, dass ronderëmt den eigentleche Kär vum Déif nach eng ganz Rëtsch aner kleng Déifdrockgebitter ronderëmdréinen, och nach Randdéif genannt. Dës Randdéifer kënne sech séier entwécklen a beweege sech och mat enger grousser Geschwindegkeet virun; dowéinst gi se heiansdo och nach “Schnellleefer” genannt. Am Beräich vun dëse Randdéifer kënnt et gär mol zu stiermeschen Entwécklungen.


Erwaarden eis schonn geschwënn déi éischt Hierschtstierm? | Animatioun: wxcharts.com

Hëlt een d’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS vum Donneschden ënner d’Lupp, da fält op, dass sech um kommenden Dënschden un tatsächlech där klenger Déifdrockgebitter um äusserste Rand vun der Haaptzirkulatioun vum Islanddéif forméiere kënnen. Wann de Modell seng Meenung net ännert, da géife mir an den Deeg drop ënner eng méi schwonghaft Westwiederlag geroden, bei där et ëmmer erëm zu Begéinungen mat Randdéifer a West- wéi och Mëtteleuropa komme kéint. Déi eng oder aner méi uerentlech Stuermlag ka bei dëse Grousswiederlage net ausgeschloss ginn. Ob dëst sech wierklech esou entwéckelt, kann elo nach kee soen. Et sollt een d’Situatioun awer mol am Aen halen.