NOAA: Esou gesäit et fir de Summer 2020 aus

A ville Medieberichter liest een de Moment mol rem eppes vun engem “Joerhonnertsummer” oder dem “wäermste Summer bis ewell”, eenzlener gi souguer scho sou wäit a probéieren eng éischt Ausso fir de Wanter ofzeginn. Dëst sollt een awer mat Virsiicht genéisse, well et sech just em Estimatiounen handelt a net wierklech ëm Prognosen. Wat ass dann elo also drun um “wäermste Summer aller Zäiten”?

Estimatioune vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS

Fir ze kucke, wéi de Summer a Punkto Temperaturen a Nidderschléi verlafe kéint, huele mir rem den amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) a kucke, wat dësen dann am Moment sou fir déi nächst Méint berechent. Schon an de leschte Joren hu mir eis méi oft op dëse Modell bezunn – opgrond vun sénger net all ze schlechter Trefferquot zéie mir en dës Kéier och erëm u Land.

Am Video gëtt de ganzen Artikel nach eng Kéier méi visuell duergestallt.

Video vum 10.06.2020

Juni 2020

Temperatur

Nidderschléi

An engem Juni läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 15,9 Grad. Kënnen déi dëst Joer nach iwwertraff ginn, obwuel de Juni bisewell net all ze waarm war? Dem CFS-Modell no schon. Dëse berechent eng Anomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad – heescht also: dësem Modell no kann d’Duerchschnëttstemperatur vum Juni 2020 ëm 0,5 bis 1 Grad iwwert déi 15,9 Grad erausschéissen. Och wann dëst also iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen entsprécht, heecht dat net, dass mir et stänneg mat ze héije Wäerter ze dinn hunn. Et ass ebe just eng Moyenne, soudass et dotëscht och weiderhin där méi killer Phase wäert ginn. Dëst gëlt net nëmme fir de Juni, mee och fir d’Beispiller vun de nächste Méint.

Dat selwecht maache mir elo och mat de Nidderschléi – an op eng potenziell Dréchent bezunn gesäit et de Moment guer net sou markant aus. Anescht wéi virun e puer Méint nach vun de Laangzäitmodeller berechent, soll de Juni nawell gutt naass ausfalen. Normalerweis reent et an engem Juni 79,9 l/m². Dem amerikaneschen CFS- Modell no sollen awer duerchschnëttlech gesinn tëscht 0,6 a 0,8 l/m² den Dag méi fale wéi am Normalfall. Hëlt een déi bisewell gemoossen Donnéeë vum Mount Juni, da kéint sech dëst als plausibel erausstellen. Un der Météo Boulaide- Wiederstatioun si bis ewell 30,6 l/m² erofkomm a mir hu réischt de 9. Juni. Mol kucken also, ob d’Berechnung opgeet – op mannst mol klengräimeg.

Juli 2020

Temperatur

Nidderschléi

Och de Juli soll de Berechnunge no liicht ze waarm ausfalen. An de leschte Méint ass d’Anomalie zwar nach däitlech méi héich gerechent ginn, de Moment huet sech dat Ganzt awer bei rem 0,5 bis 1 Grad iwwert dem Duerchschnëtt agependelt. An engem Juli läit déi duerchschnëttlech Temperatur zu Lëtzebuerg bei 18,2 Grad.

De Juli soll da rem e Stéck méi normal ausfalen. Normalerweis reent et dëse Mount 71 l/m², bezunn op d’Referenzperiod vu 1981 bis 2010 – baséierend op den Donnéeën déi um Findel gemooss gi sinn. Kuckt een dann elo op d’Estimatioune fir dëse Mount, da sollte mir och bei ongeféier dësem Duerchschnëttswäert erauskommen. Et ass mat kenger markanter positiver oder negativer Anomalie ze rechnen.

August 2020

Temperatur

Nidderschléi

Den August ass de leschte meteorologesche Summermount, wou zwar ëmmer nach héichsummerlech Temperaturen an Hëtztwelle méiglech sinn, mee d’Duerchschnëttstemperatur scho rem sou lues zréckgeet. Duerchschnëttlech hu mir et am August mat enger Temperatur vun 18,2 Grad ze dinn – ongeféier dat, wat och den amerikanesche Laangzäitmodell dëst Joer op eis duerkomme gesäit. Et ass also deem no mat engem temperaturtechnesch normalen August ze rechnen.

Net nëmme wat d’Temperaturen ugeet soll den August normal ginn, mee och reentechnesch. Bei enger duerchschnëttlecher Reenzomm vu 75,4 l/m² rechent de Laangzäitmodell ëmmer nach mat kenger all ze grousser Differenz. D’Anomalie läit tëscht -0,2 a 0,2 l/m², an ass also méi oder manner neutral a ganz normal fir d’Joreszäit.

Fazit

Wéi scho gesot gehat, handelt et sech bei alle genannte Berechnungswäerter a Parameter ëm Estimatiounen a net ëm Prognosen. Well den amerikaneschen CFS an de leschte Méint a Joren awer net sou schlecht louch, kann een en och dëst Joer als klengen Orientatiounspunkt ugesinn. Kënnt et dann tatsächlech sou wéi berechent, da sollt dëse Summer méi naass a net grad esou waarm wéi de leschte Summer ginn – op mannst wat Mëtteleuropa an déi duerchschnëttlech Wäerter betrëfft. Dëst heescht awer net, dass et tëschenduerch keng gréisser Hëtztwelle mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature ka ginn an och de Reen fir eng Zäit éischter d’Nieweroll spille kann. No engem “Joerhonnertsummer” oder “wäermste Summer bis ewell” gesäit et de Moment net aus.