Portugal a Spuenien: Deemnächst méi wéi 150 l/m² Reen un de Küste méiglech

Zumools fir de Weekend gesäit d’Wieder fir de Nordweste vu Portugal a Spuenien net esou gutt aus. Markant bis deels zolidd Reequantitéite gi berechent.

Advertisement

D’Situatioun doënnen

Vum Donneschden un bis de Weekend mat leie Portugal a Spuenien ënnert dem Afloss vun Déifdrockgebitter, déi eng Front no där anerer bréngen. Doduerch wäert et bis de Sonnden inclus op verschiddene Plazen och zu uerdentleche Reequantitéite kommen.

Besonnesch betraff wäerten de momentane Modellrechnunge no d’Géigenden am Nordweste vu Portugal sinn, inklusiv d’Ëmgéigende vu Coimbra, Porto a Braga. Mee och déi direkt ugrenzend Géigenden a Spuenien kréien eppes of, an dat viraussiichtlech vu Vigo bis erop op La Coruna.


D’Berechnung vum europäesche Modell bis e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell rechent bis e Sonndenowend zesummegerechent mat tëscht 80 bis 150 l/m², punktuell sollen och knapp iwwer 200 l/m² méiglech sinn. Den amerikanesche Modell ass änlecher Usiicht a gesäit tëscht 80 an 185 l/m² op d’Géigenden duerkommen.


D’Berechnung vum amerikanesche Modell bis e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON gesäit bis elo just bis de Samsdenowend, an awer sinn d’Quantitéiten uerdentlech: 70 bis 140 l/m² solle kënnen optrieden.