Radio 100,7: De Polarwirbel an den NAO-Index

Zumools wann de Wanter méi no kënnt, gëtt de sougenannten NAO-Index zesumme mam Polarwirbel erëm e méi interessant Thema. Unhand vun hirer Entwécklung kann een nämlech ofschätzen, ob a nächster Zäit e Wanterabroch wahrscheinlech ass oder net.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

An der Emissioun vum 11. Oktober 2019 hu mir eis d’El Niño Southern Oscillation, kuerz ENSO, ugekuckt. Des Kéier geet et ëm eng aner Loftstréimung, nämlech ëm d’nordatlantesch Oszillatioun, kuerz NAO genannt. Virun allem wat de Nordatlantik ugeet, huet des Stréimung e ganz groussen Afloss op d’Wieder an huet meeschtens och Auswierkungen virun allem op den Oste vu Nordamerika mee och eis Géigenden.
Tëscht dem Azorenhéich, wat, wéi de Numm et seet, an der Ëmgéigend vun den Azore läit an dem Islanddéif, wat am Nordatlantik ze fannen ass, ginn et ëmmer gréisser Loftdrockgéigesätz a Schwankungen – dëst beschreift d’nordatlantesch Oszillatioun. Am Wanter spillt d’NAO déi gréisst Roll a bestëmmt d’Wieder a wäiten Deeler vun Ostamerika, dem Atlantik selwer a wéi gesot och bei eis an Europa.
Den Observatiounen aus de leschte Jore, mee och de Computersimulatioune no, soll e gudden Deel vun der Äerderwiermung op der Nordhallefkugel, déi an de leschte Joerzéngte festgestallt ginn ass, enger méi intensiver NAO-Phase zouzeschreiwe sinn. Wéi wäit d’NAO och anthropogen, also vum Mënsch beaflossbar ass, ass ënnert de Wëssenschaftler awer net kloer.
Fir de Loftdrockgéigesaz tëscht dem Azorenhéich an dem Islanddéif ze bestëmme, ginn d’Loftdrockwäerter vum Dezember bis an de Mäerz era vun de jeeweilegen zwee Standuerter ausgewäert. Hei kënnt de sougenannten NAO-Index an d’Spill, dee vum James W. Hurrell an d’Liewe geruff ginn ass. Dëse beschreift den Ënnerscheed vum Loftdrock, deen op de Mieresspigel bezunn ass, tëscht Lissabon (Portugal) a Stykkisholmur an Island.

Ass den NAO-Index positiv, dann hu mir et mat engem déiwe Loftdrock iwwer Island an engem héije Loftdrock iwwert den Azoren ze dinn. Et kënnt zu enger iwwerduerchschnëttlech grousser Differenz vum Loftdrock. An dëser Situatioun ass iwwert dem Atlantik tëscht dem 40sten an dem 60ste Breedegrad mat enger staarker Westwandzirkulatioun ze rechnen, déi ëmmer erëm Déifdrockgebidder mat mëlle Loftmassen a ville Nidderschléi a Richtung Europa, mee och Sibirien féiert. Och am Oste vun Amerika stinn d’Chance schlecht op wierklech wanterlecht Wieder. Anescht awer iwwert dem Mëttelmierraum, wou d’Chancen dofir däitlech besser stinn an et batterkal ka ginn.

Ass den NAO-Index negativ, da sinn d’Loftdrockgéigesätz tëscht dem Azorenhéich an dem Islanddéif däitlech manner grouss. Tëscht Gebitter mat Loftdrockdifferenzen probéiert d’Atmosphär ëmmer, den Drock erëm auszegläichen, an zwar mat Wand. Well d’Differenz an dësem Fall awer net sou grouss ass, ass och manner Wand néideg. D’Westwandzirkulatioun, déi also bei engem positiven NAO-Index eng gréisser Roll spillt, ass am Fall vun engem negativen NAO-Index däitlech manner staark. De Mëttelmierraum gëtt vu mëllen a fiichte Loftmasse versuergt, iwwerdeems et iwwert der amerikanescher Ostküst a bei eis an Europa meeschtens kal an dréchen ass. Net seelen etabléiert sech eng sougenannt “Omega-Wiederlag” iwwer Europa, wat e grousst a stationäert Héichdrockgebitt beschreift, wat iwwert eng méi laang Zäit keng gréisser Ännerunge vum Wiedergeschéien zouléisst. Op enger Wiederkaart gesäit een d’Héich iwwer Europa a jeeweils en Déifdrockgebitt lénks a riets vum Héich, déi d’Héich quasi blockéieren. Et gesäit aus wéi de griichesche Buschtaf Omega, wouduerch des Wiederlag och hire Numm kritt.

Fir dass mir zu Lëtzebuerg e kale Wanter kréie, muss den NAO-Index negativ sinn. Ass et ëmgedréint, stinn d’Chance fir e mëlle Wanter besser.

D’ENSO, also d’El Niño Southern Oscillation, huet en atmosphäreschen souwéi och ozeaneschen Zesummenhang – anescht awer bei der NAO. Dës gëtt haaptsächlech vun internen atmosphäresche Prozesser ausgeléist. D’Simulatiounsmodeller kënne sech also souzesoen haaptsächlech op déi atmosphäresch Konditioune verloossen, wann et drëm geet, de weidere Verlaf ze berechnen oder e gewëssenen Zäitraum ze rekonstruéieren. Fir d’NAO oprecht ze erhale, spille vill stationär an éischter kuerzlieweg Wierbelen an der ieweschter Troposphär eng wichteg Roll. D’Schwankungen vun der NAO hänken also haaptsächlech bis ganz vun der Atmosphär of an éischter net vum Mier.

Zwar hänkt d’NAO haaptsächlech un der Atmosphär – mee wéi sech d’Atmosphär entwéckelt, huet anerersäits awer trotzdeem och domat ze dinn, wéi vill Energie, Loftfiichtegkeet a Beweegung an de Mierer ass. Och d’Kryosphär, also alles wat Schnéibedeckung an Äis op der Äerd ass, huet e bestëmmten Zesummenhang mat der Atmosphär. Dat heescht am Endeffekt also, dass obwuel d’NAO u sech haaptsächlech mat der Troposphär souwéi och den atmosphäresche Konditiounen zesummenhänkt, mee et awer net onméiglech ass, dass d’NAO op gréisserem Zäitraum duerch z.B variabel Mieresuewerflächentemperaturen beaflossbar ass.

Nodeems den NAO-Index virun allem tëscht 1930 a 1950 besonnesch héich war, ass e bis kuerz viru 1975 rem gefall. Zanterdeem klëmmt den Index awer erëm, wat verschiddene Fuerscher no u Verännerungen an der Stratosphär läit. Dës kënnen, de Fuerscher no, duerch ëmmer méi Zäregaser an der Troposphär an och duerch d’Ofhuele vum Ozon an der Stratosphär zustane kommen. An de méi héije Breete besteet en dynameschen Zesummenhang tëscht der Troposphär an der Stratosphär. Den Afloss vun der Troposphär op d’Stratosphär weist sech an der Auswierkung vun der nordatlantescher Oszillatioun op de stratosphäresche Polarwirbel. De Polarwirbel ass eng grouss Loftstréimung an enger Héicht vun 10 bis 15 Kilometer an dréint sech géint d’Auer. Wann den NAO- Index méi grouss gëtt, huet dat an ongeféier véier Deeg duerno en Afloss op de Polarwirbel. E gëtt méi staark, a wann den NAO-Index fält, méi schwaach.

Wéi de stratosphäresche Polarwirbel verleeft, huet mat der Verdeelung vun de Kontinenter a Mierer op der Nordhallefkugel, dem Jetstream an der polarer Frontalzon ze dinn. Duerch déi ënnerschiddlech Wiermtkapazitéiten iwwert dem Festland an de Mierer kënnt et an de méi héije Breete vun der Nordhallefkugel zu groussen Temperatur- a Loftdrockgéigesätz, wouduerch de sougenannte “Polarjet” net einfach riicht vu West no Ost bléist, mee gezwonge gëtt, sech ze wellen. Dës Wellen splécke sech gäre vum eigentleche Loftstroum of a breede sech bis erop an d’Stratosphär aus. Sou gi Loftmassen aus de mëttlere Breeten a Richtung Äquator transportéiert, mee och zréck a Richtung Polargebitt, wou se de stratosphäresche Polarwirbel stéieren an en ofschwäche respektiv instabil maache kënnen.

Dass de Polarwirbel gestéiert gëtt, kënnt an onreegelméissegen Ofstänn am Duerchschnëtt all zwee Joer vir. Dobäi kann d’Temperatur an der ënneschter Stratosphär, déi bei engem intakte Polarwirbel bei em -70° leie kann, em 50 Grad erhéijen. Dëst gëtt och nach als “Major Warming” bezeechent. De Polarwirbel gëtt gestéiert a ka souguer zesummebriechen, de

Wand dréit vu West op Ost. Doduerch klëmmt, am Fall vun eise Géigenden, d’Wahrscheinlechkeet vum Virstouss vun däitlech méi kille Loftmassen aus dem Oste vun Europa, déi d’Chancen op Wanterwieder däitlech vergréisseren.