Réckbléck: 2021 war zolitte Reen fir déi meescht Doudesaffer verantwortlech

2021 war de Reen fir dat gréisste Leed verantwortlech.

Meldungs-Peak vu grousse Knëppelsteng an zolittem Reen

An dësem Artikel geheie mir e kuerze Bléck zréck op d’Onwiederjoer 2021 a baséieren eis dobäi op d’Donnéeën aus der Datebank vun der ESWD (European Severe Weather Database).

Am Joer 2021 goufen 5.240 Fäll vu grousse Knëppelsteng gemellt (2 cm am Duerchmiesser an driwwer). Dëst ass déi héchst Zuel u Meldungen zanter 2006. 43 Persoune goufe bei dësen Onwieder blesséiert.

Wat de Wand ugeet, hu sech am vergaangene Joer 11.725 Meldungen an der Datebank ugestaut. Wéi den ESSL (European Severe Storms Laboratory) schreift, wier dëst déi véiert héchst Meldezuel zanter 2006. 277 Mensche goufen dobäi blesséiert, 50 si gestuerwen.

Zolitte Reen am déidlechsten

De Reen war deen Parameter, deen am leschte Joer virun allem an eiser Groussregioun an och bei eisen direkten däitsche Noperen fir vill Leed gesuergt huet. 5.739 Meldunge koumen europawäit eran, och fir de Reen ass dëst déi héchst Meldezuel zanter 2006. 47 Persoune goufe blesséiert. 65 vun de 5739 Meldungen hänke mat déidleche Wiederevenementer zesummen, bei deenen am Ganzen 295 Persoune gestuerwe sinn.

Tornadoe sinn 2021 937 Stéck gemellt ginn. Bei dëse koum et zu 273 Blesséierten, 14 hu net iwwerlieft.