Trotz rezentem Buedemfrascht: Firwat de Summer net “fir d’Kaz” ass

Déi momentan Phas mat liichtem Buedemfrascht an de Nuechte geet deemnächst op en Enn. Just muer de Moie kann et nach eng Kéier virkommen.

Advertisement

De Summer ass net “fir d’Kaz”

An dësem Joer hate mir bis ewell 3 vu 5 vergaange Méint, un deenen déi méintlech Duerchschnëttstemperatur liicht bis deels däitlech iwwert der laangjäreger Moyenne louch. Dobäi kënnt, dass just de Januar e normal waarme Mount war, iwwerdeems den Abrëll just -0,1°C ënnert der Moyenne louch. Well et an de leschte Joren awer schonn vill ze fréi vill ze waarm war, kënnt et enger Rei Leit esou vir, wéi wann dëst Joer fir d’Kaz wier, wat awer net de Fall ass. Besonnesch de Reen huet de Flemm-Faktor an d’Luucht gedréckt – an dëse soll net mat den Temperaturen duercherneegehäit ginn.

Bis ewell hu mir et, ofgesi vum ville Reen, mat enger vun de normaalsten Entwécklunge vum fréie meteorologesche Summer zanter 2018 ze dinn. Et weist, wéi séier de Mensch sech un déi ze héich Temperature gewinnt huet. Heescht: De Summer ass bis elo net esou miserabel, wéi gesot gëtt. Jo, aktuell si mir nach an enger liicht ënnerduerchschnëttlecher Phas, an awer ass dat méi normal wéi all déi aner Summerufäng aus de leschte Joren.

Also: Gedold, de Summer kënnt nach. Um Kalenner geet en eréischt den 20. Juni un.

Buedemfrascht mat bis zu -1,2°C

Zanter enger Woch ginn am Land vill ze niddereg Temperaturen an de Nuechte gemooss. Zu de keelste Nuechte gehéieren déi op de vergaangene Samsden, déi op en Dënschden an och déi op gëschter. D’Lofttemperatur ass an dëse Fäll op tëscht 3 an 1 Grad zréckgaangen. Relevant sinn och d’Temperaturen op Buedemhéicht (5 cm iwwert dem Buedem gemooss), hei goufen an der Nuecht op en Dënschden nämlech 0,8°C zu Béiwen gemooss. An der Nuecht drop waren et genee 0°C an haut de Moien, 12.06.2024, waren et -1,2°C. Definitiv eng Opfällegkeet, zumools esou spéit an engem Joer.


D’Loftmass, déi fir déi méi kill Woch gesuergt huet | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Op laang Dauer gesinn bréngt eis de Klimawandel also iwwerduerchschnëttlech Temperaturen. Wat déi mannst awer wëssen ass, dass dëse Wandel och zum Resultat kann hunn, dass d’Keelt zu ongewéinlechen Zäiten op ongewéinlech Plaze ka kommen. Dës Ausräisser no ënnen hunn awer esou eng geréng Dauer, dass se op enger laangjäreger Statistik kaum eppes ausmaachen. Den Opwäertstrend vun den Temperaturen iwwert de laangen Zäitraum dominéiert also.

Elo gëtt et méi waarm

Et ass sech elo awer eppes um änneren: Vun de britteschen Inselen hier dréckt en Déifdrockgebitt an eisen Aflossberäich eran, duerch dat déi kill nordwestlech Stréimung ënnerbrach gëtt. Et geschitt zwar net vun haut op muer, mee se dréint esou lues op West an spéiderhin op Südwest. Dëst si gutt Viraussetzungen fir méi waarmt bis hin zu Summerwieder zu Lëtzebuerg. Aktuelle Modellrechnunge wier dat awer net besonnesch nohalteg, well dëst an engem méi variabele Wiedermuster géif resultéieren. Firwat dat esou ass, a wéi waarm et deemnächst ka ginn, hu mir hei am Détail thematiséiert.