Update: Schnéi fir Chrëschtdag ëmmer nach net ganz vum Dësch

Wéi Dir wësst, stellt sech fir ronderëmt Chrëschtdag eng meteorologesch gesinn héichinteressant Wiederlag an - dat duerch méigleche Schnéi, mee awer och wéinst dem Risk vu Stierm. Mir kucken eis de neiste Stand un.

Advertisement

Advertisement

Déi viraussiichtlech Grousswiederlag

Dësen Artikel ass eng Fortsetzung vum leschten Artikel, an dem mir d’Situatioun schonn ganz genee ënnert d’Lupp geholl haten.

Fir et kuerzzefaassen: Vum 20. Dezember un installéiert sech e kräftegt Héichdrockgebitt iwwert den Azoren / Südwesteuropa, iwwerdeems e gréisseren Déifdrockkomplex tëscht Island a Skandinavien läit. Duerch déi immens Loftdrockënnerscheeder gëtt den Jetstream esou richteg aktiv – dobäi handelt et sech ëmt e Staarkwandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer. Dëst gëtt ugedriwwe vun Temperatur- an Loftdrockënnerscheeder an ass dowéinst esou wichteg, well Déif- an Héichdrockgebitter vum Jetstream ofhängeg sinn. Ass den Jetstream schwaach, da bleiwen d’Drockgebitter méi oder manner op der selwechter Plaz hänken. Ass e staark, dann kann sech eng sougenannt Déifdrockstrooss (Frontalzon) forméieren, duerch déi sech een Déifdrockgebitt nom aneren iwwert eng bestëmmt Géigend ewechbeweegt. Mat enger gewësser Warscheinlechkeet ass dat dat, wat gréisseren Deeler vu Mëtteleuropa an de leschte Woche vum Joer usteet.

Stuerm ëmmer nach an de Kaarten

Wéi am Artikel vun der leschter Kéier schonn ugeschwat, besteet de Risk vu Stuermdéifer. Och haut, zwee Deeg dono, ginn dës Déifer ëmmer nach berechent – besonnesch vum 20. Dezember un. Bis ronderëmt de 25. Dezember sinn ëmmer erëm Zenarie méiglech, duerch déi stiermesch Wandstéiss vun ëm 60 km/h bis hin zu schwéiere Stuermstéiss vun ëm 90 km/h kënnen optrieden.


Déi héchst Wandvitessen bis Chrëschtdag laut dem aktuelle Laf vum amerikanesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Fir op déi genee zäitlech Andeelung anzegoen, ass et awer leider ëmmer nach ze fréi. Mee jo: D’Iddi vun de Stierm ass ëmmer nach an de Modellkaarten ze fannen, an dohier ass et och am Aen ze halen.

Wat kann ee sech a Saache Schnéi erwaarden?

An Tëschenzäit ass och kloer, dass et sech, falls et zu Schnéifall kënnt, net ëmt e nohaltege Wanterabroch handelt. Sollt et ronderëm Chrëschtdag zu Schnéifall kommen, da just, well et kuerzzäiteg récksäiteg vun engem Déifdrockgebitt fiicht a naass genuch gëtt, fir dass et ka schneien. Wann d’Puzzlestécker all zesummekommen, da kann et besonnesch op den héchste Plazen am Land och fir den een oder aneren Zentimeter Schnéi duergoen.


D’Berechnung vun haut de Mëtten vum amerikanesche Modell fir Chrëschtdag. Déi vun den Owend ass allerdéngs erëm manner wanterlech | Grafik: wxcharts.com

Haaptsächlech den amerikanesche Wiedermodell GFS wëll de Schnéi net richteg aus der Berechnung erausloossen, e gesäit also tatsächlech nach e bëssen Hoffnung fir d’Schnéifrënn ronderëm Chrëschtdag.


Eng däitlech manner wanterlech Léisung vum europäesche Modell | Grafik: wxcharts.com

E bësse méi pessimistesch ass den europäesche Modell, deen déi kill genuch Loftmasse leider en Tick ze wäit nërdlech verlafe gesäit. Bei dësem Zenario géif de Schnéi also éischter ewechfalen, iwwerdeems dat mat de méigleche stiermeschen Entwécklunge weiderhi géif en Thema bleiwen.

De Fazit:

Et bleift weiderhin zimmlech spannend, woubäi de Wand awer méi warscheinlech ass wéi de Schnéi. Egal wéi et duerno ausgeet: Eis steet keng extrem Wiederlag un – weder a Saache Schnéi, nach a Saache Wand. D’Spannung kënnt einfach doduerch, dass sech dës turbulent a potenziell liicht wanterlech Wiederlag ronderëmt Chrëschtdag soll ofspillen – an dat wier jo mol erëm eppes feines. Mee: Nach ass dat lescht Wuert net geschwat.