Summer 2017: Modeller optimistësch

Viru kuerzem gouf ë klenge “Comeback” vum Summer ugekënnëgt, deen och elo sou agetraff ass. Ët huet geheecht, e géif nëmmen eng kuerz Zäit, sprëch 2 bis 3 Deeg, unhaalen. Waat d’Ensemblerechnungen elo awer erginn schwätzt vir eppes aneschters.

Summerlëch Phase wuel méi laang wéi ugeholl

De Weekend fällt gréisstendeels summerlëch aus. Am ganze Land kënnen d’Temperaturen op iwwer 30 Grad klammen an ët gëtt nët villes, iwwer waat een sëch bekloen kann. Vum spéideren Nomëtten un besteht jeweils e klenge Risk vu Schaueren oder och Donnerwiederen. Ob dës wierklech antreffen, kann een awer wéi ëmmer réicht kuerz virdrun soen. D’Wahrscheinlechkeet ass nët grouss, soudass ët wuel éichter drëchen bleift wéi dass ët naass gëtt. D’Nuechten faalen mat Temperaturen vun ëm déi 15 Grad nët grad kaal aus.

Nët nëmmen de Weekend, mee och an der neier Woch schéngen d’summerlech Temperaturen ze bleiwen. Vu Plaatz zu Plaatz wärten natierlech ënnerschiddlech Werter gemooss ginn, ët schéngt awer wierklech mëll bis waarem ze ginn. Meechtens ginn mir mat engem Sonn- Wolléckemix versuergt, just zäitweis kënnt rëm e Risk vu Schaueren oder eventuellen Donnerwiederen dobäi.

Ëmschwong am September?

Richtëg wacklëg gëtt ët Enn August/Ufank September. Zwëschen Hierscht- a Summerwieder ass alles méigleg, inklusiv engem Schauerrisk. Vir d’Rentrée kéint ët ënner Ëmstänn also ëmschloen. Gutt ze erkennen ass dëst op der Grafik hei ënnendrënner. Dëst ass een sougenannten Ensemble. Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat d’Laag méi sëcher ass. Wann se méi wäit auserneen sinn, schwätzt daat vir eng zouhuelend Onsëcherheet.



Grafik: meteociel.fr