De Wochenausbléck: Vill Wolleken a Schaueren, Enn der Woch Ännerung méiglech

Bis knapp iwwert de Mëttwoch eraus sti mir meeschtens ënner Déifdrockafloss. Duerno ka sech, aus aktueller Siicht gesinn, lues a lues eng Besserung astellen.

Vill Wolleken a Maximaltemperaturen vun em 15 Grad

Liichten Héichdrockafloss beaflosst eist Wieder de Méinden, ier lues a lues rem e Frontesystem an d’Spill kënnt. Et ass ufanks nach éischter liicht wollekeg, ier et am Laf vum Dag ëmmer méi gro gëtt. D’Fréitemperature leien tëscht 6 a 9 Grad, an eenzelnen Däller am Norde kënnen och nach em 4 Grad gemooss ginn. Mëttes a generell am weidere Verlaf vum Dag wäert et meeschtens gro sinn, just mat vill Chance kënnt sech d’Sonn nach tëschenduerch weisen. Schauere sollten ausbleiwen, dat bei Maximaltemperature vun 12 bis 16 Grad. An der Nuecht kënnt eis aus Westen eng Waarmfront entgéint, déi d’Reewahrscheinlechkeet rem an d’Luucht drécke wäert. Richteg bemierkbar maache wäert sech dat den Dënschde, wou et de ganzen Dag laang jidderzäit zu Schauere komme kann. 12 bis 15 Grad sinn ze erwaarden, dat bei engem spierbare Südwestwand. Réischt an der Nuecht gëtt et rem e Stéck méi drëchen.

De Wocheverlaf vun uewen (GFS – wxcharts.com)

Lues a lues Ännerung méiglech

De Mëttwoch bleift et mol nach meeschtens gro, et reent awer net méi sou oft. Wann, dann éischter méi klengräimeg mee awer zuelräich. D’Temperature leie moies tëscht 8 an 11 Grad, am weidere Verlaf vum Dag komme se bei maximal 10 bis 14 Grad un. De Wand bléist mat Spëtzte vu 40 km/h aus West- Südwesten. Um Owend an an der Nuecht bleift et wollekeg, mee et gëtt rem méi drëchen.

Um Donneschden ass et meeschtens bedeckt, et bleift awer aus aktueller Siicht gesi meeschtens drëche bei 11 bis 15 Grad. De Freiden ass et moies nach gro, am weidere Verlaf vum Virmëtte gëtt et séier manner wollekeg an d’Sonn kritt ëmmer méi d’Iwwerhand bei 14 bis 17 Grad. Um Samsde soll lues a lues en Héich d’Haaptroll kréie, wouduerch et scho méi sonneg a manner naass ka ginn. D’Temperature maache, sollt sech den Trend confirméieren, och e Saz no uewe mat em 20 Grad oder souguer driwwer.

Méiglechen Temperaturverlaf vum Freide bis de Méinden an 1,5 km (GFS – wxcharts.com)