Bléck op de Weekend: Net all ze frëndlech an heiansdo spierbare Wand

De Weekend sti mir haaptsächlech ënnert dem Afloss vun déiwem Loftdrock. Et si vill Wolleken ënnerwee, tëschenduerch ass dann och rem mat naassem ze rechnen. De Wand ka sech och zäitweis bemierkbar maachen.

E net all ze frëndleche Weekend mat ëmmer nach liicht iwwerduerchschnëttlechen Temperature steet eis bevir.

Freiden, 20. Dezember 2019

De Freidemoien gëtt den Himmel aus westleche Richtunge séier méi gro, de Reen léisst och net laang op sech waarden. D’Temperature leien tëscht 5 a 9 Grad, am Virmëtte klammen des Wäerter op 7 bis 10 Grad erop an et reent. De Wand bléist frësch bis deels stiermesch aus Südosten. An de Spëtzte kënne 50 bis 75 km/h areecht ginn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach däitlech spierbar. D’Richtung dréint vu Südost op Süd, méi spéit op Südwest. Ier en op Südwest dréit kënne nach méi staark Wandstéiss dobäi sinn. Et ass ëmmer nach gro a naass, de Reen kann zäitweis méi zolitt ausfalen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 4 Grad zréck, et bleift gro – Niwwelfelder zéien op.

De Wocheverlaf vun uewen (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 21. Dezember 2019

De Samsdemoien ass et gro duerch Wolleken a Niwwel, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad. Am Virmëtte klamme se net vill méi wäit, et bleift bedeckt. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist frësch aus Süd- Südwesten. An de Spëtzten ass mat 50 km/h ze rechnen. Et bleift trotz de ville Wolleke nach meeschtens drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 6 Grad zréck, et ass Reen aus Westen ënnerwee, deen och méi laang unhale kann.

Sonnden, 22. Dezember 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, en Déifdrockgebitt iwwert der Nordséi beaflosst eist Wieder. D’Temperature leien tëscht 5 a 9 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et reent virun, de Wand gëtt méi staark. An de Spëtzte packt en et op 50 km/h. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 9 Grad areecht, de Wand areecht Spëtzte vu 60 km/h aus West- Südwesten. Et reent weider. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 4 Grad zréck, et gëtt lues a lues méi drëchen.