De Wochenausbléck: Um Dënschde Flacke méiglech, duerno Héichdrockafloss

Bis den Dënschde leie mir nach ënnert enger zyklonaler Westwiederlag, ier dës um Mëttwoch ennerbrach gëtt. Héije Loftdrock mecht sech breet, dee sech de Weekend awer viraussiichtlech rem ofbaue wäert. Duerno kéint dat Ganzt rem a Richtung Westwiederlag kippen, wat d’Wahrscheinlechkeet vu méigleche Stuermdéifer erhéije géif.

Grousswiederlag: Kill Loftmasse suerge fir e puer Flacke, mee kee Wanterabroch

Iwwerdeems mir um Méinde nach liicht ënnert enger Westwiederlag leie, gerode mir den Dënschden ënnert eng méi nërdlech Stréimung. Dëst duerch den Héich, wat mat séngem Kär knapp virun de briteschen Insele leie wäert an déiwe Loftdrock iwwert der Nord- souwéi och Ostséi. Kill Loftmasse kommen eragezunn, déi d’Schnéifallgrenz fale lossen. Des fält viraussiichtlech op ëm 400 Meter – et kann also mol schneie, mee net iwwerall. Haaptsächlech op de Koppe vum Land wier mol mat Schnéischaueren ze rechnen. Alles wat drënner läit, hätt éischter Schnéireen oder Reen ze erwaarden. An de Nuechte kann et awer iwwerall glat ginn, well d’Nätzt duerch Temperaturen am Beräich vum Gefréierpunkt fréie kann.

Um Mëttwoch dréckt sech d’Héich, wat um Dënschde nach kuerz virun de briteschen Insele louch, weider a Richtung Mëtteleuropa. Et gëtt also méi roueg an och d’Wahrscheinlechkeet vu sonnege Momenter wäert klamme, mee just, wa sech de Niwwel am Laf vum Dag opgeléist kritt. Dat kann vum Mëttwoch bis de Freiden de Fall sinn, ier d’Grousswiederlag vum Samsden u, wéi gesot, rem op Westwiederlag ëmsprange kéint.

Naasse Wochenufank

Mir starte mat ville Wolleken an och Reen an déi nei Woch eran. Um Méinden ass et meeschtens bedeckt an et ass ëmmer rem mat Schaueren ze rechnen. Am Verlaf vum Dag ginn 8 bis 12 Grad areecht, dobäi ass de Modeller no mat tëscht 10 a knapp 20 l/m² Reen ze rechnen, dem amerikanesche Modell GFS no souguer 20 bis lokal 30 l/m², déi laanscht den äusserste Süde net ausgeschloss kéinte ginn. An der Nuecht komme lues awer sëcher déi méi kill Loftmasse bei eis un, well eis schon a klenge Schrëtt déi ugeschwat méi kill Loftmassen areechen. D’Temperature ginn op 5 bis 2 Grad zréck, op de Koppe ka scho mol déi eng oder aner Flack dobäi sinn. Um Dënschde geet et da mat ville Wolleke virun, d’Temperature packen et am Verlaf vum Dag op 3 bis 7 Grad. Haaptsächlech op 400 Meter an driwwer kann de Reen als Schnéireen oder och, je no Temperaturentwécklung, als Schnéi erofkommen. Glat Stroosse wieren an dësem Fall och net auszeschléissen. De Wand ass spierbar ënnerwee a packt et op 55 km/h aus Nordwesten. An der Nuecht op den Dënschde berouegt sech d’Wieder rem, well mir ënnert den ugeschwaten Héichdrockafloss geroden. D’Temperature falen op 3 bis 1 Grad, duerch Nätzt déi fréiert kann et zu glate Stroosse kommen.

Fraschteg Nuechte rem méiglech

Duerch den Héichdrockafloss gerode mir de Mëttwoch méiglecherweis rem méi oder manner ënner eng Niwwel- Lotto- Situatioun. Léist sech de Niwwel am Laf vum Dag op, erwaart eis e Mix aus décke Wolleken an heiansdo sonnege Momenter. Léist e sech net op, da bleift et éischter de ganzen Dag gro bei 5 bis 8 Grad. Et sollt awer drëche bleiwen an de Wand ass schwaach aus West- Nordwesten ënnerwee. Den Donneschde gesäit aus aktueller Siicht gesinn am frëndlechsten aus, et sollt schéi sonneg ginn bei 5 bis 7 Grad. Dat, nodeems mir mat 0 bis lokale -4 Grad an den Dag gestart sinn. Ähnlech Wäerter sinn och an der Nuecht op de Freide méiglech, wou dagsiwwer awer rem 7 bis 9 Grad areecht ginn. Et gëtt rem méi gro an um Samsde kéint dat Ganzt dann, wéi schon ugeschwat, lues a lues kippen. Et ass meeschtens wollekeg an eenzel Nidderschléi a Form vu Schauere wiere bei 6 bis 9 Grad rem dobäi. De Sonnden ass vum Virmëtten u mat Dauerreen ze rechnen, dat mat stiermesche Wandstéiss. D’Temperature klammen op 6 bis 11 Grad. Wéi et de Moment ausgesäit, kéinte mir och stiermesch an déi Woch drop starten. Aktuell Modeller gesi Wandspëtzte vun em 100 km/h, wat een awer elo nach net all ze eescht huelen däerf.