Wiederhiweiser aktiv: Um Samsde klammen d’Temperature bis op 38 Grad

Bis den Dënschde mat gëllen Hiweiser virun Hëtzt. Besonnesch um Samsde kann et punktuell och mol fir extreem héich Temperaturen duergoen.

Hëtzt-Peak um Samsden

Vun haut u klammen d’Temperaturen erëm e gutt Stéck. An de vergaangenen Deeg war et awer och schonn alles anescht wéi kill: um Dënschde sinn d’Wäerter op e Maximum vu 27 Grad geklommen, um Mëttwoch an och gëschter um Donneschde waren et schonn 31 Grad.

Dës Temperature ginn eigentlech schonn déck duer, leider handelt et sech dobäi awer net ëmt de Maximum. Dëse soll eréischt de Weekend erreecht ginn an et kann ee wierklech nach gutt eppes droprechnen. Haut um Freide si mir mat Maximaltemperature vun 28 bis 33 Grad ënnerwee, um Samsde sollen et 34 bis 38 Grad ginn. Dëst entsprécht enger extreemer Hëtztbelaaschtung – de Grond, firwat e puer Wiederhiweiser aktiv sinn. E generellen Hiweis gëllt bis den Dënschden inclus, en aneren (Hiweis virun extreemer Hëtzt) gëllt explizit fir de Samsden.


Potenziell Situatioun fir den Dënschden, berechent vum GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

D’Wiedermodeller GFS an ECMWF wëllen en zweeten Ulaf vun der Hëtzt-Blos fir de Méinden an och Dënschde net ausschléissen. Och wat de Rescht vun der kommender Woch ugeet ass et zu kengem Zäitpunkt onméiglech, dass sech op ee Neits iwwerduerchschnëttlech Hëtzt bei eis breetmaache kann. Mat Météo Boulaide sidd Dir stänneg um neiste Stand, nach méi esouguer mat der gratis App.