Virleefege Bilan: Op mannst 9 Tornadoen de vergaangene Sonnden a Nordfrankräich

De leschte Sonnden ass et iwwert dem Nordwesten a Norde vu Frankräich zu engem Tornado-Outbreak komm. Bis dato si 9 Fäll bekannt, woubäi een awer och vun enger gewësser Donkelziffer ausgoe kann.

Titelbild via Thomas Cuny op Twitter

Ongewéinlech Onwiederlag fir Enn Oktober

D’Joer 2022 weist zimmlech, a wéi eng Richtung et an de nächste Jore goe wäert a Saache Klimawandel. Egal ob Drécheperioden, zolitt Hëtztwellen, extrem Iwwerschwemmungen a soss Onwieder – dëst Joer hate mir vun allem eppes. A genee esou weise sech och déi lescht Deeg vum Oktober 2022: en Tornado-Outbreak am Nordwesten a Norde vu Frankräich, wat fir d’Joreszäit immens ongewéinlech ass. Ongewéinlech sinn och déi héich Temperaturen, déi ëmmer nach erreecht ginn. Am Südweste vu Frankräich ginn ëmmer nach méi wéi 30 Grad erreecht, nei Rekorder si méiglech.


All d’Meldungen aus der European Severe Weather Database | Source: eswd.eu

Météo Boulaide hat de Sonnde selwer schonn driwwer beriicht, dëst ass e Follow-Up vun de News. Bei de neisten Analysen iwwer d’Onwiederlag den 23. Oktober ass een bis ewell op den Entschloss komm, dass op mannst 9 Tornadoen iwwert de Norden a Nordweste vu Frankräich ewechgezu sinn – 8 dovun warscheinlech duerch déi selwecht Superzell ausgeléist. Superzellen mat ëmmer erëm neien Zyklen sinn souwisou rar, vill méi awer Enn Oktober. De 9ten Tornado ass méi wäit am Westen opgetrueden, ausgeléist vun enger anerer Superzell. Och an England hu sech 2 Tornadoe forméiert.

Lëscht vun alle bis ewell bekannten Tornadoen vum 23. Oktober 2022

  • Beuzeville, FR
  • Ferrières-en-Bray, FR
  • Songeons, FR
  • Gaudechart, FR
  • Beaudéduit, FR
  • Conty, FR
  • Bihucourt, FR
  • Arleux, FR
  • Warlaing, FR
  • Hensting, UK
  • New Milton, UK

Source: ESWD.eu

Grouss Knëppelsteng, zolitte Wand

Ofgesinn vun de villen Tornadomeldunge sinn den 23. Oktober 75 aner Meldungen iwwer zolitt Phänomener an der European Severe Weather Database (ESWD) agaangen. Dorënner waren grouss Knëppelsteng: net sielen si Gréisste vun 3 bis 4 cm am Duerchmiesser observéiert ginn. Déi markantst Meldung koum awer vu Préaux, d’Knëppelsteng waren do deelweis 7,5 cm déck. Iwwerdeems Knëppelsteng de Gros vun alle Meldungen anhëlt, ginn et 26 iwwer zolitte Wand. Bei dëse koum et haaptsächlech zu ofgedeckten Diecher, Beem déi entwuerzelt goufen, an anerem markante Schued. Déi eng oder aner Meldung gëtt weider ënnersicht, well et sech ënner Ëmstänn ëm weider Tornadoe kéint gehandelt hunn.