Tropen: D’LISA trëfft den Owend als Hurrikan op Belize

Och esou spéit an der Hurrikansaison brodelt et an der Karibik & am Atlantik. Den Owend geet d'LISA zu Belize u Land.

D’LISA ass kleng, mee awer geféierlech

Nach ass d’LISA en Tropestuerm, deen sech an de nächste Stonnen awer zu engem Hurrikan forméiere wäert. Virausgesot gi Wandvitesse vun 140 km/h an der Moyenne, an de Spëtzten driwwer. Um weidere Parcours a Richtung Belize kéint et sinn, dass sech de Stuerm e Stéckche méi verstäerkt wéi d’Modeller et unhuelen. Well de Stuerm vergläichsweis éischter kleng ass, wäert e nach e Stéckche méi laang am vollen Ëmfang vum waarme Waasser kënne profitéieren.


Déi momentan Positioun an de weidere Parcours vum LISA | Grafik: hurricanes.gov

E grousse Geforepunkt besteet a Saachen Iwwerschwemmungen & Stuermflut. D’Modeller rechne mat Reequantitéite vu bis zu 300 l/m², wat fir grouss Problemer suerge kann. Wéi de National Hurricane Center mellt, ass eng liewensgeféierlech Stuermflut net auszeschléissen – an dat direkt do, wou den Zentrum vum Stuerm u Land trëfft. Dem momentane Stand no soll dëst knapp südlech vu Belize City de Fall sinn.

Weideren Tropestuerm iwwert dem Atlantik

Och iwwert dem nërdlechen Atlantik huet sech en Tropestuerm forméiert – dat mam Numm Martin. E soll bis de Freiden zimmlech wäit an de Norden zéien a guer net mol esouwäit ewech vu Grönland leien, ier en dann vum Jetstream opgefaange gëtt an a Richtung Irland ëmgeleet gëtt. De Martin kéint also och geschwënn op eisen europäesche Wiederkaarten opdauchen.


De weidere Parcours vum Martin | Grafik: hurricanes.gov

Ier en awer esou wäit an de Norde wandert, soll sech de Stuerm muer kuerzzäiteg zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie verstäerken – dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 140 km/h. Et läit bis ewell kee Land um ganze berechente Parcours vum Martin.