De Wochenausbléck: Grousse Schwall u Keelt mécht sech geschwënn bei eis breet

Op den éischte Schnéi erwaart eis elo gläich en Abroch vun däitlech méi nidderegen Temperaturen.

D’Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt, wat sech de Moment iwwer Skandinavie forméiert, verlagert sech am Laf vun der Woch weider iwwer d’Nordséi a Richtung brittesch Inselen. Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt duerch en Héichdrockgebitt iwwer Island – duerch dat resultéierend Stréimungsbild kënnt e Schwall un däitlech méi kille Loftmassen op Lëtzebuerg erofgezunn. Mat décke Jacketten ass geschwënn also näischt falsch gemaach.


Geschwënn gëtt et däitlech méi kal zu Lëtzebuerg | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Dës Woch starte mir mol nach gréisstendeels onverännert. No de Schnéischauere vum spéidere Sonndenowend bleift et haut um Méinde weideri gréisstendeels gro. De ville Niwwel, dee plazeweis entstanen ass, kënnt haaptsächlech duerch schmëlzende Schnéi, well d’Temperaturen e Krack iwwert dem Gefréierpunkt ënnerwee sinn. Am keelsten ass d’Nordspëtzt mat tëscht 0 an 2 Grad, soss ginn awer 1 bis 4 Grad uechter d’Land verdeelt gemooss. Je no Modell wier nach mat e puer Schnéischaueren ze rechne gewiescht, allerdéngs sinn dës e Stéckche méi wäit nërdlech vun eis aktiv. Am Laf vum Owend bleift et dréif, dat bei -1 bis 2 Grad. Op ee Neits kënnt et zu glate Stroossen.

Den Dënschden an de Mëttwoch bleiwe meeschtens gro, just mat Chance kéint sech heiansdo awer mol d’Chance op den een oder anere kuerze sonnege Moment opdinn. D’Temperature leien un den zwee Deeg bei jeeweils 1 bis 3 Grad, lokal och mol 4 Grad, am Dag. An de Nuechten an an de fréie Moiesstonnen ass mat tëscht -1 an 2 Grad ze rechnen. Besonnesch den europäesche Modell gesäit vum spéidere Mëttwochowend un erëm eng kleng Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren, déi sech bis Enn der Woch zéie wäert.

Den Abroch vun de kale Loftmassen

Duerno erwaart eis dann de bis ewell keelste Virstouss vu kale Loftmassen an dëser Saison. Vum Mëttwochowend un wandert dat besot Déif vun der Nordséi hier weider a Richtung brittesch Inselen a bréngt esou e Schwall un däitlech méi kaler Loft a Richtung Lëtzebuerg. Natierlech huet dat d’Konsequenz, dass déi souwisou schonn niddereg Temperaturen e Stéck méi wäit an de Keller rëtschen. Esou stinn fir den Donneschden also Maximaltemperature vu just nach -1 bis 3 Grad um Programm. E Freide, Samsden an och de Sonnden ass mat änleche Maximalwäerter ze rechnen, -1 bis 3 Grad stinn un. An de Nuechte kënnen d’Temperaturen op e Minimum vun tëscht -2 a -6 Grad falen.

Et gëtt also déi éischt Dauerfrascht-Situatioun vum meteorologesche Wanter 22/23.