Bléck op de Weekend: Reen, vill Wolleken a weiderhi lefteg

Déi eenzeg Konditioun, déi de Weekend iwwer fir wäiss Chrëschtdeeg passt, wier de Nidderschlag. Wat de Rescht betrëfft kéint d'Situatioun net méi ongënschteg sinn.

D’Grousswiederlag

Mir hunn an Tëschenzäit eis Westwiederlag, mat där mir jo schonn de vergaangene Weekend Bekanntschaft an de Modellkaarte gemaach hunn. Mir leien also ënnert enger südwestlecher bis westlecher Stréimung, duerch déi et net nëmmen ëmmer erëm naass gëtt oder bedeckt ass, mee och de Wand spillt eng Roll. Mat dobäi kënnt, dass mir mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum zougespillt kréien. Esou kann dat näischt ginn mat wanterlechem Wieder iwwer d’Feierdeeg.


D’Loftmasse mam agezeechnete Stréimungsbild fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

De Freiden zielt zwar fir déi meescht nach net als Weekend – ziele mir en awer mat dobäi, dann ass et vun den dräi Deeg definitiv den ongemittlechsten duerch vill Reen & e stiermesche Wand. Iwwert den Dag verdeelt kënnen erëm plazeweis ëm 10 l/m² Waasser vum Himmel kommen, iwwerdeems eis erëm e weidert Wandfeld passéiert. An de Spëtzte kënne mol ëm 75 km/h erreecht ginn. Vum Owend u léisst de Reen no, komplett dréche sollt awer bis an d’Nuecht eran ëmmer nach net bleiwen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 10 an 13 Grad.

E Samsde leie mir ëmmer nach ënnert där selwechter Grousswiederlag, um “Modus” ännert sech also net vill. Et si vill Wolleken ënnerwee, 8 bis 10 Grad ginn erreecht. Et si vill Wolleken ënnerwee, eenzel Schauere kënnen ëmmer nach virkommen. An de Spëtzte packt et de Wand op tëscht 30 a 45 km/h, lefteg bleift et also. E Sonnden erwaart eis en änlechen Dag mat ville Wolleken, heiansdo sinn erëm Schaueren dobäi. Iwwerdeems den europäesche Modell just e leftegen Dag gesäit, gesäit den amerikanesche GFS d’Warscheinlechkeet, dass mir am Laf vum Owend erëm ënnert e méi markant Wandfeld geroden – Stuermstéiss bis 85 km/h wieren doduerch méiglech. Détailer dozou gëtt et awer wuel eréischt kuerz virdrun, well et sech ëmt e klenge Schnellleefer handelt. Wat d’Temperaturen ugeet beweege mir eis dagsiwwer tëscht 8 an 11 Grad.