E Méindenowend: Direkt zwee Feierbäll sausen iwwert de Lëtzebuerger Himmel

Gëschter Owend si sëlleg Meldungen iwwer Feierbäll um Himmel agaangen. Een dovun ass iwwer d'Belsch geflunn, den aneren iwwer Frankräich an d'Schwäiz.

Titelbild: Prasenjeet Yadav

Meteore si näischt aussergewéinleches

De Begrëff Meteor kléngt op den éischte Bléck zimmlech bedreelech – mee nee, dobäi handelt et sech net ëmt e groussen Asteroid, deen eis Äerd zerstéiere kann. Ënnert engem Meteor versteet een e klenge Kär aus Gestengs oder Stëbs, deen an der Atmosphär vergléit. Eng Stäreschnäiz ass also näischt anescht wéi e Meteor. Dës hunn eng Gréisst vu 0,1 mm opwäerts. Dat wat mir gëschter awer gesinn hunn, ware sougenannt “Feierbäll” oder och nach “Boliden”. Hiren Duerchmiesser ass méi grouss wéi 10 mm. All Dag erreechen ongeféier 1 Tonn vun där Zort d’Äerd. Wann een dëst elo mat deenen aneren Zorte vu Meteore vergläicht, zielen d’Feierbäll awer tatsächlech zu de rarsten.

E Meteor vergléit an der Atmosphär. Net ze verwiesslen mat engem Meteorit, well dës vergléie net ganz an der Atmosphär an erreechen den Äerdbuedem.

Meteoritte sinn awer méi rar…

Déi grouss Feierkugel, déi de 15. Februar 2013 iwwer Tscheljabinsk iwwer Russland explodéiert war, war e Meteoroid. Duerch d’Explosioun a gutt 30 Kilometer Héicht sinn duerch d’Schockwell 1491 Mënsche blesséiert ginn a méi wéi 3700 Gebaier goufe beschiedegt. En Deel vum zerbrachenen Objet ass 80 Kilometer vun Tscheljabinsk um Buedem ukomm, dat also als Meteorit. Ënnert engem Meteoroid versteet een e klengen Objet den méi kleng wéi en Asteroid ass an am Sonnesystem ronderëmt d’Sonn kreest.

All Joer ginn tëscht 1 a 17 Fäll vu Meteoritten gemellt – also Objeten, déi och de Buedem erreechen.

Meldungen aus Däitschland, der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Frankräich an der Schwäiz

E Méindenowend huet et sech den Auswäertunge no wuel ëm zwee Eventer gehandelt, wat sech och aus de Kommentarer vun engem Facebookpost vu mir erausliese léisst. Dës Meldunge passe mat deenen iwwerteneen, déi an der Datebank vun akm.imo.net gemellt goufen: Tëscht 18:45 & 19 Auer ass virun allem aus Holland, der Belsch & Nordfrankräich e Feierball gemellt ginn, deen vun der Belsch aus a Richtung Nordséi geflunn ass. Dësen haat eng gielzech Faarf a war an der Moyenne wärend 3,5 Sekonnen ze gesinn. Well dëse Fall esou wäit bis a Frankräich eran ze gesi war, läit d’Léisung no, dass och d’Meldunge per Facebook zu Lëtzebuerg plausibel sinn.


D’Meldungen aus der Feierball-Datebank akm.imo.net

Den zweete Feierball

Den zweete Feierball ass gutt 3 Stonnen duerno opgetrueden. Aus der Belsch, dem Weste vun Däitschland, aus Frankräich, der Schwäiz, Italien an och Lëtzebuerg selwer sinn an der Datebank eng ganz Partie Meldungen agaangen. Wann een de Bléckwénkel vun den Auswäertungen aschätzt, da soll de Meteor selwer iwwert der westlecher Schwäiz vergléit sinn. Och hei hunn déi meescht Leit eng Dauer vun 3,5 Sekonne gemellt, deelweis iwer en awer och mol gutt 7 Sekonne ze gesi gewiescht. Dësen haat eng méi gréngelzech Faarf a war ganz gutt ze gesinn. Et ass och gemellt ginn, dass sech den Objet iwwer Frankräich zerdeelt huet.


D’Meldungen aus der Feierball-Datebank akm.imo.net