Ausbléck: Et gëtt erëm summerlech

Nodeems de Summer sech jo kuerz erëm duerch d’Bascht gemaach huet, schafft e sech an de nächsten Deeg erëm zréck. D’Fro ass just fir wéi laang.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 31.05.2022:

Déi lescht puer Moienter ass et plazeweis fir Frascht duergaangen – dat, obschonns an den Deeg virdrun Summertemperature gemooss goufen. Ob dat normal ass an ob sech de Summer erëm geschwënn bei eis weist, erzielt eis elo de Philippe Ernzer. Schéine gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

D’Summerwieder ass fir eng Zäitche verschwonn.

Dat ass richteg, mee fir d’éischt géif ech awer nach gär betounen, dass de Summer jo eigentlech eréischt ugeet – an zwar muer. Muer um Mëttwoch ass meteorologesche Summerufank. Déi, déi also elo schonn fäerten, dat wier et gewiescht… mir stinn eréischt ganz am Ufank.

Fir de Rescht war et an de leschten Deeg, zumools an de Moiesstonne, plazeweis richteg knackeg kal. Ugaangen ass et um fréie Samsdemoie mat Fréitemperature vun tëscht -1 a 6 Grad. E grousse Kontrast also. Un der ASTA-Statioun zu Breedelt ass e Minimum vun -0,6 Grad opgetrueden. Och um Sonndemoie war et un der selwechter Statioun am keelsten, dat mat -1,6 Grad. Elo gëschter Moien war et mat -1,5 Grad esou just e klengen Tick manner kill, deen awer vum Mënsch net wierklech spierbar ass. Och wann et engem net esou virkënnt, sinn esou Fréitemperaturen an engem Mee duerchaus ëmmer erëm mol méiglech. Méi ongewéinlech gëtt dëst natierlech an de richtege Summerméint.

De Summer probéiert sech un den Datum ze halen.

Jo, wéi gesot, muer ass meteorologesche Summerufank. Natierlech mécht d’Wieder ëmmer wat et wëll a kuckt op kee Kalenner, mee dës Kéier setzt sech genee dann awer eppes a Gang. D’Grousswiederlag stellt sech nämlech esou ëm, dass mir erëm ënnert eng südwestlech bis südlech Stréimung kommen, déi eis waarm bis hin zu summerlech Loftmasse brénge kann. De Moment hu mir genee de Géigendeel, nämlech ginn eis elo mol nach méi kill Loftmassen aus nordwestleche Richtungen zougespillt.

Wat heescht dat konkret fir d’Temperaturentwécklung an de nächsten Deeg?

Kuerz gesot: et gëtt definitiv méi waarm, mee lo awer mol der Rei no. Haut um Dënschde si mir mat 16 bis 22 Grad dobäi, muer um Mëttwoch geet et op tëscht 17 an 23 Grad erop. Den Donneschde geet et mat 19 bis 25 Grad weider, ier et um Freiden aus aktueller Siicht gesinn erëm zu richtegem Summerwieder komme kann. 22 bis 26 Grad stinn un, lokal wëll ech och eng 27 Grad net ausschléissen. De Samsde soll nach ganz änlech ginn, ier et um Sonnden erëm mat 21 bis 24 Grad manner waarm gëtt.

Kënnt dann do och erëm de Risk vun Donnerwieder mat an d’Spill?

Et kënnt tatsächlech erëm e klenge Risk vun Donnerwieder mat an d’Spill, mee konkret kann een elo nach net ginn. E klengt Déif grätscht de Freiden an de Samsden erëm vu Westen eran a bréngt eis zu de waarme Loftmassen erëm e klenge Schwall u méi fiichter Loft, duerch déi et duerchaus mol plazeweis kraache kéint. Mee wéi gesot, fir Detailer ass et ze fréi.

Wéi gesäit et dann generell mam Reen aus? Deen ass jo ëmmer nach ze kuerz komm a leschter Zäit.

Do ass et ëmmer nach schwiereg, ech kann also no gutt 3 Wochen ëmmer nach keng grouss Nouvellen dozou erzielen. Déi eenzeg Plaz déi wierklech nennenswäerte Reen ofkritt huet war de Raum ronderëm Klierf duerch d’Wiedere virun 11 Deeg.

Wa mir d’Modellkaarten esou kucken, ass den europäeschen ECMWF bis de Sonnden inclus mat grad emol tëscht 10 a knapp 20 l/m² ënnerwee, den amerikanesche GFS mat de selwechte Wäerter. Den europäesche gesäit de Reen just tendenziell méi am Südoste vum Land, den aneren am Nordweste vum Land. Ech muss awer och erëm soen, dass villes erëm mat deem klenge Risk vun Donnerwieder zesummenhänkt, deen jo de Freiden an de Samsde besteet. Sollten dës gänzlech aus bleiwen, da kann een direkt mol e Groussdeel vun dësen Zommen ewechrechnen.

De Summer kënnt also erëm, just mat engem klengen Donnerwiederrisk fir e Freiden an de Samsden. Dëst war et dann schonn erëm mam Ausbléck an d’Welt vum Wieder, villmools Merci Philippe Ernzer – a bis déi nächst Kéier.